Dammenindesch Verdeedegung

Schacherëffnung

{{Infobox Schacherëffnung

| Bild =

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
b6 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
c4 white pawn
d4 white pawn
f3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh

D'Dammenindesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen E12 bis E19 klassifizéiert.

D'Dammenindesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:

1. d4 Sf6
2. c4 e6
3. Sf3 b6

Déi selwecht Stellung kann iwwer vill verschidden Zuchreiefollegen erreecht ginn, zum Beispill iwwer d'Englesch Verdeedegung 1. d4 e6 2. c4 b6 3. Sf3 Sf6 oder iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. Sf3 Sf6 3. Sf3 b6.

Varianten änneren

Fianchetto-Variant änneren

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3

D'Fianchetto-Variant ass déi meeschtgespillte Variant vum Dammenindeschen. Den Zuch 4. g3 kontestéiert déi laang Diagonal h1-a8 andeems en d'Fianchettéierung vum wäisse Kinneksleefer virbereet. Déi heefegst schwaarz Äntwert wärend den 1970er Jore war 4.... Lb7, mä zanterhier ass 4.... La6 d'Haaptvariant. Eng drëtt Méiglechkeet, déi méi seele gespillt gëtt, ass 4.... Lb4+, mat der Iddi de manner nëtzleche schwaarzfeldrege Leefer ofzetauschen, allerdéngs huet Schwaarz an dëser Variant dacks eng liicht passiv Stellung.

4.... La6 (Modern Haaptvariant)
4.... Lb7 (Al Haaptvariant)
4.... Lb4+

Petrosjan-Variant änneren

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. a3

D'Petrosjan-Variant, déi hiren Numm vum sowjetesche GM Tigran Petrosjan huet, gouf dacks vum Garri Kasparow a senger fréier Carrière gespillt. Den Zuch 4. a3 preparéiert 5. Sc3, ouni datt de Sprénger duerch... Lb4 gefesselt ka ginn. Déi dräi Haaptzich vu Schwaarz sinn:

4.... Lb7
4.... La6
4.... c5

4. Sc3 änneren

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. Sc3

No 4. Sc3 ka Schwaarz mat 4.... Lb4 an d'Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung iwwergoen oder 4.... Lb7 spillen. Op dësen Zuch kann d'Partie mat 5. a3 an d'Petrosjan-Variant iwwergoen, woubäi Wäiss 4. a3 c5 5. d5 La6 oder direkt 4.... La6 emgaang huet. Dee méi alen Zuch ass 5. Lg5, wourop Schwaarz no 5.... h6 6. Lh4 g5 Lg3 Sh5 8. e3 Sxg3 9. hxg3 Lg7 gutt Ausgläichschancen huet. Alternativ ka Schwaarz erëm mat 5.... Lb4 an d'Dräi-Sprénger-Variant vum Nimzo-Indeschen iwwergoen oder mat 5.... Le7 6. e3 0-0 7. Ld3 d5 an d'Ofgeleent Dammegambit.

Aner Varianten änneren

Nieft den Haaptvariante gëtt et ënner anerem nach follgend Méiglechkeeten:

4. e3
4. Lf4 (Miles-Variant)
4. Lg5
  • D'Miles-Variant ass nom Tony Miles benannt. Den Zuch 4. Lf4 entwéckelt einfach e Leefer op e gutt Feld. Trotz engem gewëssen Erfolleg vum Miles an dëser Variant, ass dës Iddi ni populär ginn.

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen änneren

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Dammenindesch Verdeedegung ënner de Schlësselen E12 bis E19 klassifizéiert.

  • E12: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6
  • E13: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. Sc3 Lb7 5. Lg5 h6 6. Lh4 Lb4
  • E14: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. e3
  • E15: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3
  • E16: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Lb4+
  • E17: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7
  • E18: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7 6. O-O O-O 7. Sc3
  • E19: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 b6 4. g3 Lb7 5. Lg2 Le7 6. O-O O-O 7. Sc3 Se4 8. Dc2 Sxc3 9. Dxc3

Literatur änneren

Kuckt och änneren