Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fauna als Synonym fir d'Déierewelt. Fir d'Associatioun mam selwechten Numm, kuckt wgl. Fauna (Associatioun).

D'Déierewelt oder Fauna ass en allgemengt Wuert fir all Déierenaarten an engem Gebitt zu enger bestëmmter Zäit. Den Numm kënnt vun der réimescher Gëttin Fauna. Dës Fauna gëtt heefeg an Tabellen- oder Lëschteform erfaasst (Faunistik, Léier/Wëssenschaft vun der Fauna).

Diagramm vun der Fauna.

De Begrëff Fauna gouf fir d'éischt Kéier vum Carl von Linné a sengem Wierk Fauna Suecica (1746) benotzt, an deem hien d'Déiere klassifizéiert huet.

D'Déierewelt gëtt a verschidden Ënnergruppen agedeelt:

Bei verschiddenen Déierenzorten, sinn och Gréisstenandeelunge vun der Déierewelt méiglech. Sou schwätzt ee vu:

  • Megafauna: den Deel vun Déieren, deen an engem Habitat déi gréisst kierperlech Organisme stellt;
  • Makrofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, an tëscht 2 mm an 20 mm grouss sinn;
  • Meiofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, an tëscht 0,30 mm an 1 mm grouss sinn;
  • Mikrofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, a méi kleng wéi 0,2 mm sinn.

De Pendant zu der Déierewelt ass d'Planzewelt, d'Flora.

Um Spaweck änneren

Commons: Fauna – Biller, Videoen oder Audiodateien