Däitsch Foussballnationalekipp

Männer National Association Football Equipe representéiert Däitschland
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Däitschland
Spëtznumm: Nationalelf
DFB-Elf
Die Mannschaft
Federatioun: DFB
Trainer: Julian Nagelsmann
Meescht Matcher: Lothar Matthäus (150)
Meescht Goler: Miroslav Klose (71)
Historesch Matcher
Éischte Match: Schwäiz - Däitschland: 5-3
5. Abrëll 1908, Basel
Héchst Victoire: Däitschland - Russescht Keeserräich: 16-0
1. Juli 1912, Stockholm
Héchst Nidderlag: England - Däitschland: 9-0
16. Mäerz 1909, Oxford
Weltmeeschterschaft
Participatioun: 18 x (fir d'éischt 1934)
Bescht Resultat: Weltmeeschter 1954, 1974, 1990, 2014
Europameeschterschaft
Participatioun: 12 x (fir d'éischt 1972)
Bescht Resultat: Europameeschter 1972, 1980, 1996
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'Däitsch Foussballnationalekipp besteet aus däitsche Spëtzespiller, déi vum Bundestrainer erausgesicht ginn.

An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Däitsch Nationalekipp op der 16. Plaz (Stand: 21. Dezember 2023).

Reichstrainer a Bundestrainer änneren

Dr. Otto Nerz, Sepp Herberger, Helmut Schön, Jupp Derwall, Erich Ribbeck, Franz Beckenbauer, Berti Vogts, Rudi Völler, Jürgen Klinsmann, Joachim Löw, Hansi Flick, Julian Nagelsmann

Rekordnationalspiller änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  1. Lothar Matthäus huet als Mëttelfeldspiller vum 14. Juni 1980 bis 20. Juni 2000 150-mol (23 Goler) fir déi däitsch Foussballnationalekipp gespillt an ass domat Rekordnationalspiller. De Matthäus huet als éischte Feldspiller u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl a gouf 1980 Foussball-Europameeschter, 1982 a 1986 Vizeweltmeeschter a 1990 als Kapitän vun der Nationalekipp Foussball-Weltmeeschter.
  2. Jürgen Klinsmann, huet tëscht dem 12. Dezember 1987 an dem 4. Juli 1998 108 Matcher fir déi däitsch Foussballnationalekipp absolvéiert.
  3. Jürgen Kohler gouf tëscht dem 24. September 1986 an dem 4. Juli 1998 am Ganzen 105-mol an d'DFB-Selektioun beruff.
  4. Franz Beckenbauer, de Weltmeeschter vun 1974 a fréieren Teamchef huet tëscht dem 26. September 1965 an dem 23. Februar 1977 am Ganzen an 103 Lännermatcher fir déi däitsch Faarwe gespillt.
  5. Joachim Streich, 102 Matcher fir d'DDR tëscht dem 8. Dezember 1969 an dem 20. Oktober 1984.
  6. Thomas Häßler, 101 Matcher fir den DFB tëscht dem 31. August 1988 an dem 20. Juni 2000.
  7. Hans-Jürgen Dörner, 100 Matcher fir d'Selektioun vun der DDR tëscht dem 22. Juni 1969 an dem 18. Mee 1985.
  8. Ulf Kirsten, 100 Matcher fir d'Selektioun vun der DDR (49) an den DFB (51) tëscht dem 8. Mee 1985 und dem 20. Juni 2000.
  9. Michael Ballack, 89 Matcher
  10. Oliver Kahn, 86 Matcher
  11. Miroslav Klose, 86 Matcher
  12. Bernd Schneider, 81 Matcher

Ausgezeechent Spiller änneren

Spiller déi déi meescht Goler geschoss hunn änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  1. De Gerd Müller ass mat 68 Goler aus 62 Lännermatcher bis haut Rekordbuteur vun der däitscher Foussballnationalekipp. Och an der Foussball-Bundesliga steet hie mat 365 Goler fir den FC Bayern München ongeschloen un der Spëtzt vun der Torjäger-Lëscht. Seng 14 Goler bei de Weltmeeschterschaften 1970 (zéng Goler) an 1974 (véier Goler) maachen hien dobäi nach zum erfollegräichsten WM-Buteur vun der Geschicht.
  2. De Joachim Streich war fir d'DDR-Foussballnationalekipp 102-mol um Ball an huet 55 Goler geschoss.
  3. De Rudi Völler, Weltmeeschter vun 1990 an Teamchef vun der Nationalekipp vun 2000 bis 2004, huet an 90 Matcher am Ganze 47 Goler geschoss.
  4. De Jürgen Klinsmann,huet 108 Lännermatcher gespillt an dobäi och 47 Goler geschoss.
  5. Den Karl-Heinz Rummenigge huet am Ganze 95 Matcher am DFB-Trikot gespillt an huet 45 Goler geschoss.
  6. Den Uwe Seeler, Ehrenspielführer vun der däitscher Nationalekipp, huet an 72 Lännermatcher tëscht 1954 an 1970 am Ganzen 43 Goler geschoss.
  7. Den Oliver Bierhoff, Europameeschter vun 1996, huet a 70 Lännermatcher am Ganze 37-mol de Gol getraff. Dorënner huet hien an der EM-Finall 1996 mat sengem 2:1 - Gewënntreffer den éischte "Golden Gol" bei enger EM geschoss.
  8. De Miroslav Klose,huet 86 Lännermatcher gespillt an 44 Goler geschoss.
  9. Den Ulf Kirsten,huet am Ganzen 100 Lännermatcher fir d`Nationalekippe vum DFV(49 Matcher) a vum DFB(51 Matcher) gespillt. Dobäi huet hien am Ganze 34 Goler (DFV:14 / DFB:20) geschoss.
  10. De Fritz Walter, de Kapitän vun der Weltmeeschterekipp vun 1954, huet 61-mol de Nationaltrikot gedroen an dobäi 33 Goler geschoss.
  11. De Klaus Fischer huet tëscht 1977 an 1982 am Ganze 45 Lännermatcher gespillt an 32 Goler getraff.
  12. Den Ernst Lehner huet tëscht 1933 an 1942 am Ganzen 65 Lännermatcher gespillt an 31 Goler geschoss.
  13. De Michael Ballack huet säit 1999 am Ganze 89 Lännermatcher gespillt a bis elo 39 Goler geschoss.
Et gëtt véier Foussball-Nationalspiller, déi pro Lännermatch am Duerchschnett méi wéi ee Gol geschoss hun:
  1. De Gerd Müller huet 68 Goler an 62 Lännermatcher geschoss – kuckt uewen
  2. Den Helmut Schön – de spéidere Bundestrainer – huet tëscht 1937 an 1941 a 16 Lännermatcher 17 Goler geschoss.
  3. De Gottfried Fuchs huet tëscht 1911 an 1913 a 6 Lännermatcher 14 Goler geschoss – dovun eleng 10 Goler an engem eenzege Spill, dem 16:0 den 1. Juli 1912 géint Russland.
  4. De Fritz Becker huet am alleréischte Lännermatch beim 3:5 géint d'Schwäiz de 5. Abrëll 1908 2 Goler, dorënner och an der 6. Minutt den alleréischten däitsche Lännermatch-Gol geschoss. Dee Match war och säin eenzege bliwwen.

Literatur änneren

  • Bauer, Andreas: Das Wunder von Bern, Verlag Wißner, Abrëll 2004 (ISBN 3-89639-426-6)
  • Bender, Tom/ Ulrich, Kühne-Hellmessen: Herrlich verrückte Nationalmannschaft, Makossa Druck und Medien, August 2001, 256 Säiten (ISBN 3-926337-40-0)
  • Bitter, Jürgen: Deutschlands Fußball-Nationalspieler, Sportverlag, 1997 (ISBN 3-328-00749-0)
  • Die deutschen Nationalspieler, Bd. 1, 1988, 96 Säiten (ISBN 3-89001-101-2)
  • Fuhr, Wolfgang: Rahn schießt... Tor, Tor, Tor, Verlag Agon, Abrëll 2004, 104 Säiten (ISBN 3-89784-254-8)
  • Mrazek Copress, Karlheinz: Fussball. Die besten deutschen Nationalspieler. 90 Jahre Nationalmannschaft, Copress, 1997, 160 Säiten (ISBN 3-7679-0526-4)
  • Schulze-Marmeling, Dietrich: Die Geschichte der Fußball-Nationalmannschaft, Verlag Die Werkstatt, Abrëll 2004 (ISBN 3-89533-443-X)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Germany national football team – Biller, Videoen oder Audiodateien