De Cuauhtémoc , gebuer ëm 1495 zu Tenochtitlán a gestuerwen de 26. Februar 1522 bei Izancanac am haitege mexikanesche Bundesstaat Campeche, war deen eeleften a leschten aztekesche Keeser.

Cuauhtémoc
Gebuer 1495 jul.
Gestuerwen 1525 jul.
Doudesursaach Erhänken
Aktivitéit Militär, Herrscher
D'Tortur vum Cuauhtémoc vum Leandro Izaguirre, 19. Joerhonnert

Nodeem de Moctezuma II. duerch säi Verhalen a Gefaangenschaft gerode war a vu rosenen Azteken ëmbruecht gi war, gouf de Cuitláuac zum neien Herrscher gewielt. Dësen ass allerdéng schonn no e puer Méint un de Waasserpouke gestuerwen, déi d'Spuenier ageschleeft haten, soudatt de Cuauhtémoc zum Uféierer vun de Krieger gewielt ginn ass.

De Cuauhtémoc huet e kompromësslose Widderstand géint den Hernán Cortés geleescht, an Tenochtitlán bis zulescht verdeedegt. Kuerz virum Fall vun der Stad gouf hien awer den 13. August 1521 bei engem Fluchtversuch op engem Boot enttarnt a gefaangegeholl. Fir eng Zäitchen huet de Cortés säi Géigner als Gefaangen an allen Éiere gehalen, an hien als Herrscher vun den Azteke bezeechent. Mä schlussendlech gouf de Cuauhtémoc, anscheinend an eng Verschwörung géint de Cortés verwéckelt, higeriicht.

De Cuauhtémoc gëllt an der mexikanescher Traditioun als groussen nationalen Held an a sengem Undenken ass "Cuauhtémoc" bis haut als Virnumm staark am Gebrauch. Eng Stad am Bundesstaat Chihuahua, eng Gemeng zu Colima an e Stadbezierk souwéi e grousse Park zu Mexiko-Stad sinn haut no him benannt. D'Undenken un den Uféierer vun enger batterer Resistenz gëtt a Mexiko héich an Éiere gehalen, wärend d'Indígenas, déi deemools de Cortés ënnerstëtzt hunn, als Onpersoune gëllen.

Um Spaweck änneren

Commons: Cuauhtémoc – Biller, Videoen oder Audiodateien