Cricket ass eng Ekippesportaart, déi a Groussbritannien entstanen ass a virun allem an de Länner vum Commonwealth populär ass.

E Cricketsmatch zu Sydney, Australien

Cricket gëtt tëscht zwou Ekippe vun 11 Spiller gespillt. Den Terrain ass oval, 135 Meter op 150, a meeschtens aus Wues. An den Ekippe sinn déi meescht Spiller spezialiséiert: déi eng éischter als Batteur, déi aner als Werfer, verschiddener si gläich gutt an deenen zwou Funktiounen. Da gëtt et nach eng Zort Golkipp, de Wicket-Keeper deen eng extra Schutzkleedung unhuet an hanner dem Batteur placéiert ass.

Den Terrain änneren

Déi baussenzeg Begrenzung (Boundary) gëtt virun dem Spillufank markéiert, z. B. mat engem Seel. An der Mëtt vum Feld fënnt een eng besonnesch preparéiert, 20 Meter laang an 3 Meter breet Sträif, déi Pitch oder Wicket heescht. Op all Enn vum Pitch sinn dräi Pottoen (Stumps) opgestallt, tëscht deene laange Pottoe gi méi kleng Spéin de queesche Wee gesat (Bails). D'Stumps an d'Bails zesumme gi wéi gesot Wickets genannt.

Struktur vun engem Match änneren

D'Matchstruktur hänkt dovun of op am Summer oder am Wanter gespillt, iwwer een Dag oder iwwer 3, 4 oder 5 Deeg.

Bei just engem Dag gëtt d'Zuel vun Overs festgeluecht an da muss all Mannschaft esouvill Overs geheien. D'Mannschaft, déi méi Runs mécht, ass de Gewënner.

Iwwer 3, 4 oder 5 Deeg gëtt et keng Limitt vun den Overs. Eng Ekipp muss all d'Spiller vun där aner Ekipp „aus “ (out) kréien, an dat muss zweemol iwwer fënnef Deeg geschéien, fir datt e Resultat zielt. Wann dat awer net de Fall ass, da gëtt de Match als Draw oder ouni Resultat erkläert.

Wéini de Batteur eraus muss änneren

D'Feldekipp huet d'Zil, de géigneresche Batteur auszemaachen (to dismiss), d. h. d'Spiller vun der Feldekipp sollen en sou séier wéi méiglech aus dem Spill geheien. All Batteur spillt esoulaang bis datt hien aus ass an e gëtt da mam nächste Batteur, deen an dësen Innings nach net un der Rei war, ersat. Sou bal 10 vun 11 Batteuren aus sinn (et schwätzt ee vun all out), ass den Inning um Enn (da wiesselt d'Schlorecht) respektiv ass d'Spill fäerdeg.

D'Ausscheede vum Batteur gëtt och als Wicket bezeechent, onofhängeg dovun, ob d'eigentlecht Wicket dru bedeelegt war oder net. Sou e Wicket kann op 10 ënnerschiddlech Manéiere virkommen:

  1. Wann d'Wicket mam Ball vun der Feldmannschaft getraff gëtt, wärend ee vun de Batteuren nach tëscht de Wickets (eigentlech tëscht de Schlolinnen) ënnerwee ass (run out).
  2. Wann de Werfer mat sengem Ball dem Batteur laanscht d'Wicket trëfft a manneschtens ee Bail eroffält (bowled). Heiansdo lenkt de Batteur dobäi de Ball och ouni et ze wëllen op säin eegene Wicket. Dat heescht played on, ass awer technesch gesinn och bowled.
  3. Wann de Batteur de Ball schléit an e Spiller vun der Feldmannschaft de Ball fänkt, ier de Ball mam Buedem a Kontakt kënnt (caught). Wann de Wicket-Keeper de Ball fänkt, schwätzt ee vu caught behind, wann de Werfer selwer de Ball fänkt, heescht dat caught and bowled.
  4. Wann dem Batteur säi Ball net trefft, mä vu sengem Kierper opgehale gëtt, an de Ball dem Arbitter no d'Wicket getraff hätt, kann hien aus gi ginn. Dës Reegel ass eigentlech souguer nach e bësse méi komplizéiert. Dofir ass et kee Wonner datt dës Reegel wuel déi ass, bei där et vill Diskussioune gëtt (mee net op der Plaz), well et ganz op d'subjektiivt Urteel vum Arbitter ukënnt (leg before wicket, oder kuerz gesot LBW).
  5. Wann de Batteur beim Schloversuch viru seng Schlolinn trëtt an de Ball beim Wicket-Keeper duerchkënnt. Wann hien dann eleng d'Wicket mam Ball zerstéiert, ier de Batteur erëm hanner d'Linn kënnt an ouni datt de Batteur e Punkt (run) ugestrieft huet, nennt een dat stumped.
  6. Wann de Batteur wärend dem Schloe säi Wicket zerstéiert, z. B. mat sengem bat oder mat sengem Kierper (hit wicket).
  7. Wann de Batteur de Ball express mat der Hand spillt (handled the ball).
  8. Wann de Batteur d'Feldekipp express behënnert (obstructing the field).
  9. Wann de Batteur de Ball express zweemol spillt (hit the ball twice), ausser hie probéiert bei der zweeter Kéier säi Wicket ze verdeedegen.
  10. Wann den neie Batteur méi laang wéi 3 Minutte brauch, fir prett ze sinn, fir weiderzespillen (timed out).

Cricket zu Lëtzebuerg änneren

Cricket gëtt zanter 1976 zu Lëtzebuerg gespillt. Am Ufank gouf zu Bäreldeng gespillt, do, wou haut e Fast-food-Restaurant steet; haut läit den Terrain zu Walfer, tëscht den Tenniscourten an der Pidalschwämm. En zweeten Terrain ass zu Iewrengen (Robert Schuman Oval), déi Säit vu Fréiseng.

Am Wanter gëtt "Indoor"-Cricket gespillt. D'Format dofir ass e bëssen anescht an adaptéiert.

Et gëtt zeng Hären-[1] an dräi Dammenekippen[2].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cricket zu Lëtzebuerg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cricket – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (en)Men's clubs. Luxembourg Cricket. Gekuckt de(n) 2023-12-15.
  2. (en)Women's academy. Luxembourg Cricket. Gekuckt de(n) 2023-12-15.