Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Crawler-Transporter ass e Kettegefier dat an zwéin Exemplaire gebaut gouf a fir den Transport vun Transportrakéite vum Vehicle Assembly Building vun der NASA bis op Ofschossramp vum Kennedy Space Center gebraucht gëtt. En transportéiert Saturn V-Rakéiten, d'Space-shuttlen an d'Ares I.

Crawler n°2 « Franz »
De Crawler-Transporter mat der Navette Discovery
Vue op d'Kabinn
Eng Ares I-X um Crawler-Transporter

Beschreiwung änneren

De Monster op Kette weit 2.700 Tonnen an e fiert ganz lues, e brauch ongeféier 6 Stonne fir eng Rakéit oder Navette bis bei Ofschossramp ze transportéieren. E gëtt vu 16 elektresche Motoren ugedriwwen déi hire Stroum vu 6 Dieselgeneratrice vun 2.750 PS kréien. All Kettenelement weit bal eng Tonn.

Déi zwee Gefierer « Hanz » a « Franz » goufe vu Bucyrus International geplangt, a vu Marion Power Shovel fir de Präis vu 14 Milliounen US-Dollar d'Stéck gebaut.

Et sinn déi gréisst Kettegefierer op der Welt déi mat eegener Kraaft fueren. Dat gréisst Kettegefier iwwerhaapt ass en däitsche Schëpperadbagger, de Bagger 293, deen am Tagebau Hambach seng Aarbecht mécht.

Um Spaweck änneren

Commons: Crawler-transporter – Biller, Videoen oder Audiodateien