De Becher (Latäin: Crater) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

center>Date vum Stärebild Crater
Lëtzebuerger Numm Becher
Laténgeschen Numm Crater
Laténgesche Geenitiv Crateris
Laténgesch Ofkierzung (Crt)
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 10h 51m bis 11h 56m
Deklinatioun -6°40' bis -25°10'
Fläch 282 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 65° Nord bis -90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
δ Crateris,
3,56m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Leo
Sextans
Hydra
Corvus
Virgo
Kaart vum Stärebild Crater

Beschreiwung änneren

De Crater ass e klengt Stärebild nërdlech vun der Hydra (Waasserschlaang). D'Stärebild besteet aus enger onschäinbarer Grupp vu Stären ëm déi 4. Gréissteklass.

Déi bescht Zäit fir eng Observatioun sinn d'Méint Mäerz bis Mee.

Geschicht änneren

De Crater gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Am Ufank vum 17. Joerhonnert huet een am Stärebild de „Kelch vum Leed Christus“ gesinn. Déi Bezeechnung huet sech allerdéngs net duerchgesat.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
δ 12 Labr 3,57m 90 G8 III
α 7 Alkes 4,08m 174 K0 III
γ 15 4,08m 84 A5 V
β 11 Al Shara 4,46m 200 A2 III
θ 21 4,46m
ζ 27 4,71m
ε 14 4,81m
17 4,93m
λ 13 5,08m
η 30 5,17m
31 5,28m
ι 24 5,49m
κ 16 5,93m
ψ 6,11m

Den δ Crateris ass den hellste Stär am Crater. Hie läit 90 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht giel a gehéiert zu der Spektralklass K0.

Den zweethellste Stär, den α Crateris, ass 174 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Säin Numm „Alkes” ass arabesch a bedeit „Krou“.

Duebelstären änneren

System Gréisst Ofstand
γ 4,08m/9,6m 52"
17 4,93m/5,64m

Den γ Crateris ass en Duebelstäresystem, dee 84 Liichtjoer wäit ewech läit.

Verännerlech Stären änneren

Objet Gréisst Period Typ
R 9,8 bis 11,2m 160 Deeg onreegelméissig Verännerlecher
SV 6,14m

Den R Crateris ass en hallefreegelméissege verännerleche Stär vun der Spektralklass M7. Seng Hellegkeet schwankt an engem Zäitraum vun 160 Deeg tëscht 9,8 bis 11,2 m.

Den SV Crateris huet d'Bezeechnunge Gliese 425 oder Abts Stär. Mat enger Distanz vu 44 Liichtjoer gehéiert hien zu der Noperschaft vun eiser Sonn.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
3511 12m Galaxie
3887 11m Galaxie
3981 12m Galaxie

Am Crater sinn dräi Galaxien, déi scho mat einfachen Teleskopen ze gesi sinn.

Den NGC 3511 ass eng Spiralgalaxie vum Typ SBbc, déi mer op hir Säitekant gesinn. Si gehéiert zum Galaxiëkoup Abell 1060. Hir Ausdeenung um Himmel ass 4 × 1 Bouminutt.

Den NGC 3887 ass eng Balkespiralgalaxie vum Typ SBc mat engem Duerchmiesser vun 3,5 Bouminutten.

Den NGC 3981 ass eng Galaxie vum Typ SBbc. D'Galaxie gouf am Joer 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Crater (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien