Crabbet Park Arabian Stud

De Crabbet Park Arabian Stud war eng Ziichterei fir Araberpäerd déi géint 1878 vum Wilfrid Scawen Blunt an der Lady Anne Blunt am Sussex an England gegrënnt gouf an 1970 hir Dieren zougemaach huet.

Lady Anne Blunt an hire Mann sinn an den 1880er Joren e puermol an Arabien gereest, fir do Araberpäerd ze kafen. Hir Ziichterei ass eng vun de bedeitendsten an der Araberzuucht. Déi meescht rengrasseg Araberpäerd stame vun engem Crabbet-Päerd af.

Bekannte Päerd aus der Ziichterei waren: Azrek, Dajania, Queen of Sheba, Rodania a Mesaoud.