Coutances ass eng franséisch Gemeng am Departement Manche an der Regioun Normandie.

Coutances
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Manche
Arrondissement Coutances
Kanton Coutances
Postcode 50200
Gemengecode 50147
Koordinaten 49° 02’ 46’’ N
      01° 26’ 38’’ O
Fläch  1 251 ha
Bevëlkerung  9 522 (1999)

Coutances läit op engem Vekéiersknuet deen am Zweete Weltkrich staark vun der Wehrmacht verdeedegt gouf. Dëst huet mat sech bruecht, datt déi amerikanesch Aviatioun d'Stad laang bombardéiert huet. Doduerch gouf den Zentrum praktesch ganz zerstéiert.

D'Kathedral Notre-Dame, ee vun de Bijouen vun de Gotik an der Normandie, hat zwar net vill Schued gelidden, awer d'Nikloskierch war schwéier beschiedegt ginn.

Coutances gouf den 28. Juli 1944, duerch d'Truppe vum 7. an 8. amerikaneschen Arméikorps befreit.

D'Stad läit op der Voie de la Liberté ronn 68 km vu Sainte-Mère-Église.

Coutances ass de Sëtz vun engem Bistum. D'Stad ass soss nach bekannt wéinst dem Festival Jazz Sous les pommiers.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Coutances – Biller, Videoen oder Audiodateien