Corrective Optics Space Telescope Axial Replacement

De Corrective Optics Space Telescope Axial Replacement (COSTAR), gebaut vun der Firma Ball Aerospace, gouf 1993 duerch d'Crew vun der STS-61 an d'Hubble-Weltraumteleskop (HST) agebaut. COSTAR ass keen eigentlecht wëssenschaftlecht Instrument, mä en optescht Instrument fir d'Korrektur vu Teleskopbildfeeler vum HST. De COSTAR gouf an d'Plaz vum High Speed Photometer (HSP) an der axialer Positioun hanner dem Primärspigel vum Teleskop agebaut a korrigéiert deem seng sphäresch Aberratioun.

Corrective Optics Space Telescope Axial Replacement

Déi nom COSTAR agebaut Instrumenter hunn eege Korrekturglidder, soudatt d'Korrektur no an no onnéideg gouf. Bei der fënnefter Reparaturmissioun zum Hubble STS-125 gouf d'Instrument nees ausgebaut an op d'Äerd zeréckbruecht. Et ass zanterhier am National Air and Space Museum vum Smithsonian Institute ausgestallt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren