Contemporary R&B

Museksstil

Contemporary R&B (englesch fir zäitgenësseschen R&B), dacks nëmmen R&B genannt, ass e Museksstil, deem säin Ursprong am afroamerikanesche Rhythm and Blues läit. Den éischte modernen R&B gouf an den 1980er opgeholl. E war staark vun der Popmusek beaflosst. Zanter den 1990er Jore gëtt de Genre duerch e staarken Afloss vum Hip-Hop charakteriséiert an zanter Enn der 2000er gi verstäerkt och Elementer aus der Elektromusek opgeholl.

Enn der 1990er an Ufank den 2000er Joren huet den ursprénglechen R&B eng Renaissance an der Form vum Neo-Soul erlieft.

Bekannt R&B-Sänger sinn ënner anerem den Usher, den R. Kelly, d'Mary J. Blige an d'Beyoncé.