Constantia ass e südlech geleeëne Faubourg vun der Südafrikanescher Stad Kapstad. Et ass bekannt wéinst senge Wäigebidder a läit am Oste vum Tafelbierg. Op Constantia kommen normalerweis d'Touristen, wa s'en Ausfluch iwwer d'südafrikanesch Wäiroute machen. Nobäi leie bekannt Wäigebidder wéi Groot Constantia a Kleng Constantia.

Gebai vum Komplex Groot Constantia

Groot Constantia änneren

De Simon van der Stel, den éischte Gouverneur vun der hollännescher Kapkolonie, hat op sengem 750 ha grousse Landgutt Groot Constantia déi éischt Riewen ugeplanzt. De Wäi vu Constantia ass am 18. an 19. Joerhonnert héich geschat ginn, ënner anerem beim héijen Adel. Groot Constantia ka besicht ginn an ass e Gutt, dat duerch säin eegenaartege Baustil opfält. D'Gebai aus dem Joer 1684 war 1925 verbrannt, mä ass originalgetrei erëm opgebaut ginn. Et ass haut e Musée mat Tableauen, ale Miwwelen, Glas a Parzeläin.

Um Spaweck änneren