Constant Franssens

belsche Banquier

De Constant Franssens, gebuer de 14. Dezember 1922 zu Tienen (Belsch)[1], a gestuerwen de 26. Abrëll 2005, war e belschen Ekonomist a Banquier.

Constant Franssens
Gebuer 14. Dezember 1922
Tienen
Gestuerwen 26. Abrëll 2005
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ekonomist, Banquier

Hien huet säi Studium vun der Economie op der Universitéit Louvain 1944 ofgeschloss.[1]

Hien huet zu Nidderaanwen gewunnt an huet als Administrateur-délégué d'Kredietbank Luxembourg geleet. Hien huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Bankeplaz gespillt.

Vun 1979 bis 1981 war hie President vun der ABBL.[1]

Vun 1993-1994 war hie President vum Rotary Club vun Esch-Uelzecht.

Éierungen a Gielercher[1] änneren

D'Gemeng Nidderaanwen huet hien 2003 geéiert, wéi hien 80 Joer krut

D'ABBL huet 2005, bei sengem Doud, an enger Pressenotiz un hien erënnert, a seng Verdéngschter ervirgehuewen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 (en)Constant Franssens. www.prabook.com. Gekuckt de(n) 29. Abrëll 2023.