Constant

hollännesche Moler

De Constant Anton Nieuwenhuis, besser bekannt ënner sengem Pseudonym Constant, gebuer den 21. Juli 1920 zu Amsterdam, gestuerwen den 1. August 2005 zu Utrecht, war en hollännesche Kënschtler. Hie war ee vun de Matgrënner vun der Grupp Cobra.

Constant
Gebuer 21. Juli 1920
Amsterdam
Gestuerwen 1. August 2005
Utrecht
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Resistenzler, Graveur, Fotograf, Urbanist, Aquafortist, Keramiker, Zeechner

De Nieuwenhuis, deen ënner sengem Virnumm Constant sollt bekannt sinn, huet am Ufank gemoolt, mä geschwënn, ënner dem Afloss vum Juán Miró, sech och mat anere kënschtlereschen Ausdrocksweise befaasst.

1948 huet hien, zesumme mam Corneille a mam Karel Appel, den Nederlandse Experimenteele Groep gegrënnt, an am selwechte Joer d'Grupp CoBrA, en Akronym, dee sech aus den Ufanksbuchstawe vun den Nimm vun de Stied Copenhagen, Bréissel an Amsterdam zesummesëtzt. Matgrënner waren de Christian Dotremont an de Joseph Noiret, den "haarde Kär" vum Centre surréaliste révolutionnaire belge, den Dän Asger Jorn, souwéi och den Appel an de Corneille.

Cobra hat eng Rëtsch Ausstellungen zu Kopenhagen, zu Bréissel, zu Amsterdam an zu Léck. Geschwë kënnt et zu Reiwereien an der Grupp (kënschtleresch Meenungsverschiddenheeten, mä och 'Fraleitsgeschichten'), déi de Constant 1950 verléisst a sech zu Paräis nidderléisst. Do lieft en an zimmlech aarme Verhältnesser, a säi Wierk gëtt ëmmer méi vum Krich dominéiert. 1956 organiséiert en zu Alba, an Italien, e Kongress mam Titel Unitären Urbanismus. An Italien entwéckelt en och d'Konzept vun New Babylon, eng Zort labyrtinthesch Stad, a konstanter Beweegung a Verännerung, un deem e bis 1969 schafft. Maquetten dozou huet hien ë. a. op der Documenta11 2002 zu Kassel gewisen.

A senger leschter kënschtlerescher Period huet de Constant sech nees méi der Molerei zougewannt.

Hien ass den 1. August 2005 gestuerwen.