Conseil International du Sport Militaire

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Conseil International du Sport Militaire (en:International Military Sports Council), ofgekierzt CISM ass d'international Federatioun fir Militärsport. Säin Zil ass d'Entwécklung vum internationale Militärsport op enger breeder Bassis ze fërderen.

D'CISM-Militärmeeschterschafte ginn all Joer an de verschiddenen Disziplinnen ausgedroen. Et däerfen nëmme Sportler matmaachen déi am aktive Militärdéngscht sinn.

De CISM gouf den 18. Februar 1948 zu Nice gegrënnt. Déi fënnef Grënnungslänner waren d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Lëtzebuerg an Holland. Am CISM sinn haut 127 Länner als Member vertrueden. De Sëtz vum CISM ass zu Bréissel.

CISM-Motto änneren

De Motto vum CISM ass: "Friendship through Sport", Frëndschaft duerch Sport.

Um Spaweck änneren


Commons: Military World Games – Biller, Videoen oder Audiodateien