Commonwealthgraf

Wikimedia-Lëschtenartikel
(Virugeleet vu(n) Commonwealth-Graf)

Als Commonwealthgraf ginn déi Kierfechter bezeechent op deenen Zaldoten aus de Länner vum Commonwealth begruewe leien.

Plack um Kierfecht vu La Cassine

Am Géigesaz zu den Amerikaner déi hir doudeg Zaldoten entweeder rapatriéiert, oder op amerikaneschen Zaldotekierfechter an Europa begruewen hunn, hunn d'Länner vum Commonwealth déi am Éischten an am Zweete Weltkrich bedeelegt waren, dacks decidéiert hir Zaldoten op de jeeweilege Gemengekierfechter ze loossen. Et handelt sech dobäi haaptsächlech ëm Fliegerbesatzungen déi iwwer Frankräich, der Belsch, oder Lëtzebuerg, erofgeschoss goufen, an entweeder vun den Däitschen, meeschtens awer vun der lokaler Bevëlkerung um Kierfecht vun der Uertschaft bäigesat goufen.

D'Kierfechter op deene sou Zaldote begruewe leien hu meeschtens op der Kierfechtsmauer zur Stroossesäit ee Schëld mat der Opschrëft Tombe de Guerre Commonwealth / Commonwealth War Grave.

Et gëtt awer och nach eng Parti Kierfechter vum Commonwealth op deenen nëmmen Zaldote begruewe sinn, wéi z. B. den Zaldotekierfecht vun Hotton.

Commonwealthgriewer zu Lëtzebuerg änneren

 
Déi dräi Griewer zu Kierchen.
 
Um Kierfecht zu Hollerech

Commonwealthgriewer an der Belsch änneren

 
Desnié, Griewer vun Zaldote vum Royal Berkshire Regiment.

Commonwealthgriewer a Frankräich änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Commonwealthgriewer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Commonwealthkierfechter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren