Comino

malteesesch Insel

Comino (Malteesesch Kemmuna, iwwersat Kümmel) ass mat 3,5 km² déi klengst vun de bewunnten Insele vum Malteeseschen Archipel. Do wunnen nëmmen dräi Malteeser op engem Bauerenhaff.

Comino
Geographie
Land Malta
Läit an/am Mëttelmier
Gehéiert zu Malta, Malteesesch Inselen
Koordinaten 36°0'45,0"N, 14°20'11,4"O
Fläch 3,5 km², 3 km²
Längt 2,6 km
Breet 2,1 km
Verwaltung
Verwaltungseenheet Għajnsielem
Demographie
Awunner 3
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1

Et gëtt do e puer schéi Sandplagen, dorënner och d'Blo Lagun.

Comino läit tëscht den Insele Malta am Süden a Gozo am Norden an ass vun deenen zwou Insele aus mat der Fär z'erreechen.

Ursprong vum Numm änneren

Am Altertum gouf d'Insel och Ephestiagenannt. Comino war schonn an der Bronzezäit bewunnt, Griewer aus der punesch-phenizescher Epoch goufen op der Westküst fonnt. Am Mëttelalter hu bis zu 200 Mënschen op der Insel gelieft an hu Kümmel gezillt, deen der Insel hiren Numm ginn huet.

 

Um Spaweck änneren

Commons: Comino – Biller, Videoen oder Audiodateien