De Col du Télégraphe ass e 1.566 m héije franséischen Alpecol am Massif des Cerces. En huet säin Numm well fréier just niewendrun e Chappe-Telegraph stoung, deen och der Festung net wäit dovun, dem Fort du Télégraphe den Numm ginn huet.

Um Col

E vebënnt Saint-Michel-de-Maurienne am Dall vun der Maurienne, am Norde, mat Valloire, am Dall vun der Valloirette, am Süden, an et ass eng Virramp fir op de Col du Galibier iwwer d'Nordsäit. Iwwer de Col féiert d'Departementsstrooss D902.

Vum Dall vun der Maurienne aus ass d'Streck bis op d'Kopp 11,8 km laang, mat enger Pente vu 7,3 % an der Moyenne, an 8,9 % um Maximum. Vu Valloire aus sinn et 4,8 km mat enger Moyenne vun 3,4 % an engem Maximum vu 5,5 %.

Geogaphesch Koordinaten: 45° 12’ 09’’ N 06° 26’ 43’’ O

De Col am Vëlossport änneren

De Col du Télégraphe stoung am Ganze 28-mol op der Lëscht vum Grousse Biergpräis vum Tour de France. Den Tour de France ass zwar méi dacks driwwer gefuer, mä vu Valloire aus stellt e kee grousse Schwieregkeetsgrad duer. 1996 gouf en neutraliséiert, well ze vill Schnéi louch.

Coureuren déi an enger Etapp vum Tour als éischt op der Kopp waren änneren