De Col du Granier ass op enger Héicht vun 1134 Meter de breetsten an nërdlechste Col vun enger laanger Depressioun déi Dépression des trois cols genannt gëtt.

Vue op de Mont Granier

E läit am Massif de la Chartreuse an der Savoie, Frankräich

D'Strooss, déi iwwer de Col geet (Departementale 912), verbënnt Entremont-le-Vieux am Süde mat Apremont am Norden.

Apremont ass eng Wäigeigend déi bekannt ass wéinst dem liichte sprëtzege wäisse Wäin, mam selwechten Numm.

De Col du Granier krut säin Numm vum Mont Granier, dee just dernieft läit.