An der Kryptographie, ass de Code Cäsar eng vun den einfachste Methode fir Texter ze verschlësselen duerch Ersetze vu Buschtawen. Bei dëser Method gëtt ee Buschtaf aus dem Alphabet duerch een aneren ersat doduerch datt een d'Reiefolleg versetzt.

Schema vum Code Cäsar

Zum Beispill wann een Decalage vun 3 benotzt gëtt da gëtt den A duerch den D ersat, de B gëtt E, a sou weider.

D'Method krut den Numm vum Julius Cäsar, well hien déi Technik erfonnt hat fir mat senge Genereel ze korrespondéieren.

Um Spaweck änneren