Code-Switching gëtt an der Sproochwëssenschaft e Phenomeen genannt, deen dora besteet, datt wärend enger Konversatioun e bi- oder multilinguale Spriecher spontan an eng aner Sprooch wiesselt.

Ob a wéi dacks dat geschitt, hänkt vum Erliefnesberäich, vun der Situatioun a vum Partner of mat deem geschwat gëtt.

Code-Switching geschitt meeschtens onbewosst, ouni Verzögerung a stellt och guer keng Schwieregkeet fir de Spriecher duer. Normalerweis kënnt et och nëmmen da fir wann déi zwou Sproochen, ënner deenen hin an hier gespronge gëtt, vu béide Gespréichspartner verstane ginn.

Code-Switching ka follgend Dimensiounen unhuelen:

  • en eenzelt Wuert
  • ganz Sätz
  • Textpassagen, déi scho méi laang kënne sinn.

Fréier gouf ugeholl, datt Code-Switching e Problem wier. Et ass een dovun aus gaangen, datt Spriecher, déi wärend enger Konversatioun an eng aner Sprooch wiesselen, net capabel wieren, déi zwou Sproochen auserneenzehalen.

Haut gesäit een dat ganz anescht, an et geet een dovun aus, datt de Code-Switching eng ganz besonnesch Kompetenz verlaangt an deenen zwou Sproochen. Et ass souzesoen eng "Optiméierung" vun der Kommunikatioun, well all sproochlech Mëttelen ausgenotzt ginn déi zur Verfügung sti fir sech sou prezis wéi méiglech auszedrécken.

Aus soziolinguistischer Perspektiv gëtt et verschidde Funktioune vum Code-Switching:

  • De Spriecher ka sech an enger vun deenen zwou Sproochen net ideal ausdrécken a geet dowéinst an déi aner iwwer. E gläicht domat e Manktem aus. Dëst geschitt dacks, wann de Spriecher midd, opgereegt oder och ofgelenkt ass;
  • Wann eng vun deenen zwou Sproochen eng Sprooch vun enger Minoritéit ass, gëtt mat Hëllef vum Code-Switching gär e Gefill vu Solidaritéit oder Zougehéieregkeet ausgedréckt. De Sproochewiessel weist dann, datt een aus enger bestëmmter Emgéigend kënnt. Wann de Gespréichspartner dann och mat engem Wiessel reagéiert, ass eng gewësse perséinlech Bezéiung garantéiert;
  • Mam Code-Switching kënne Persounen ausgegrenzt ginn, déi d'Sprooch net beherrschen an déi gewiesselt gëtt;
  • Dem Spriecher seng Astellung vis-à-vis vun deem Anere kann duerch de Code-Switching méi kloer ginn. Wann zwou Persounen ëmmer an der Sprooch A matenee schwätzen an et gëtt an eng Sprooch B gewiesselt, huet dat eng besonnesch Wierkung: Dëst kann zum Beispill eng ironesch, iergerlech, frëndschaftlech, distanzéiert oder eng lëschteg Astellung weisen.

Wann tëscht enger Varietéit vun engem Sproochsystem, z. B. twëschent engem Dialekt an enger Héichsprooch, hin an hier gewiesselt gëtt, ass dat och Code-Switching.

Beispill (bei bilinguale Kanner):

D'Jennifer an de Mich hunn drai Huesen. Een ass fortgelaf, well d'Dier vum Käfeg op stoung. De Mich leeft bei seng Mamm a seet ganz opgereegt: Vite, Vite le Hase est weg!

No e puer Sekonne verbessert de Mich sech selwer: Le Lapin est parti!