De Claude (Claudius) Dornier, gebuer de 14. Mee 1884 zu Kempten (Allgäu) a gestuerwen de 5. Dezember 1969 zu Zug (Schwäiz), war en däitsche Fligerconstructeur.

Claudius Dornier
Gebuer 14. Mee 1884
Gestuerwen 5. Dezember 1969
Zug
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Educatioun Technesch Universitéit München
Aktivitéit Raumfaartingenieur, Entreprener
Partei NSDAP

De Claude Dornier huet 1914 zu Friedrichshafen eng Fligerfabrik opgerriicht an där hie virun allem de Ganzmetallbau weiderëntwéckelt huet. Säi Spezialgebitt war d'Konstruktioun vu sougenannte Fluchbooter, deenen hire Kierper wéi e Boot ausgesinn huet a schwamme konnt. Sou huet hien 1922 de Wal gebaut an duerno de Superwal, dee schonn zwéi Motoren hat, an deen hie fir Fuerschungsflich an am Postfluchverkéier iwwer de Südatlantik agesat huet.

1928 huet den Dornier d'Do X gebaut, déi 12 Motoren hat a maximal 170 Passagéier transportéieren, a bis 3600 km wäit fléie konnt. Dëse Fliger gouf mat engem Fluch ronderëm d'Welt bekannt a gouf zum Virbild fir déi grouss Fligeren, déi méi spéit gebaut goufen.

Um Spaweck änneren

Commons: Claude Dornier – Biller, Videoen oder Audiodateien