Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Claude Thill, gebuer de 15. Juni 1964 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (LSAP)[1].

Claude Thill
Gebuer 15. Juni 1964
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Infirmier-Anästhesist, Politiker

Hien ass Infirmier-Anesthésiste vu Formatioun an huet am Ettelbrécker Spidol geschafft.

Zanter 2001 ass de Claude Thill am Gemengerot vun der Gemeng Dikrech, vun där e vun 2011 u Finanzschäffen war. Den 20. Januar 2022 gouf hien als Buergermeeschter vun Dikrech vereedegt[2]. An der Folleg vun de Wale vun 2023, ass hien op deem Poste vum Charel Weiler ofgeléist ginn.

Hie war am Handballveräin CHEV Dikrech aktiv.


Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "De Claude Thill am Portrait," Reportage op tele.rtl.lu, 27.12.2021.
  2. Vereedegung vum Buergermeeschter vun Dikrech op gouvernement.lu