Civil Disobedience ass en Essai vum Henry David Thoreau deen 1849 publizéiert gouf. Den H.D. Thoreau schreift iwwer d'Theema vum Zivillen Net-Follegen, andeems e sech op e perséinlecht Erliefnes stäipt.

Am Juli 1846, huet den Thoreau refuséiert dem amerikanesche Staat Steieren ze bezuelen, well hien dem Staat reprochéiert huet d'Sklaverei z'ënnerstëtzen, a well d'USA e Krich géint Mexiko gefouert huet. Hie gouf dofir an de Prisong gestach, wou hien allerdéngs nëmmen eng Nuecht war, well Bekannter vum him d'Kautioun bezuelt haten, wat hie ganz rose gemaach huet.

Zesumme mat dem Discours de la servitude volontaire vum Étienne de La Boétie ass Civil disobedience a Virleeferwierk iwwer den ziwillen Ongehorsam.

Den Originaltitel vum Essai war Resistance to Civil Governement, dee gouf awer vu sengen Editeur bei enger zweeter Editioun vun 1866 nom Thoreau sengem Doud geännert.

Bibliographie änneren

Um Spaweck änneren