Circulez

Film vum René Leclère

Circulez ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum René Leclère aus dem Joer 1939. De Film ass a Schwaarz-Wäiss gedréint. Et ass den éischte Film op Lëtzebuergesch.[2][3][4]

Circulez
Film
Produktiounsjoer 1938-1939
Première 25. Februar 1939
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Lëtzebuerg
Dréibuch Lëtzebuerg
Fotografie Marcel Grignon
Marcel Leherissey[1]
Musek Raymond Legrand
Produktiouns-
gesellschaft
Filmalux
Schauspiller
August Donnen
Hary Haagen
Micky Damrémont
Sonia Haagen
Gusty Lamock
Léon Moulin
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

An e puer méi oder manner lëschtegen Zeene weist de Film d'Geforen deenen d'Leit op der Strooss am Verkéier ausgesat sinn.

De Film fänkt u mat enger jonker Fra, déi vun engem Auto iwwerrannt gëtt, an der Ambulanz, déi ukënnt, fir se an d'Spidol ze bréngen. Duerno gëtt alles gewise, wat esou am Stroosseverkéier ka geschéien. Et gëtt gewisen, wéi ee sech korrekt soll behuelen a wéi een d'Stroosseschëlder respektéiert. Da ginn zwee Männer aus der Provënz gewisen (August Donnen an Hary Haagen), déi mat engem alen Auto an der Stad ënnerwee sinn a sech u keng Regelen halen. Déi lescht Zeen weist en Hond, deen exemplaresch iwwer d'Strooss geet.[5]

Produktioun änneren

Virgeschicht änneren

Nom Succès vu sengem Film Il est un petit pays (1937) huet de René Leclère dem Politiker Marcel Cahen, deen och President vun der Verkéierskommissioun vun der Stad Lëtzebuerg war, proposéiert eng Rei Educationsfilmer iwwer d'Verkéiersproblemer an der Stad ze dréinen, an iwwer d'Gefor déi vum net-anhale vun de Verkéiersreegelen ausgeet. De Cahen huet dee Projet studéiert an en dunn dem Schäfferot recommandéiert, deen de Cahen ugestallt huet, Verhandlunge mam Leclère unzefänken.

Am November 1937 huet de Leclère d'Membere vun der Verkéierskommissioun getraff an ee Mount méi spéit schonn eng éischt Dréibuchpropose ageschéckt. Am Januar huet hien dunn en fäerdegt Dréibuch agereecht, mat engem Budget vu 40.000 bis 50.000 Lëtzebuerger Frang. De Film sollt eng Längt hu vu 15 bis 20 Minutten.

D'Kommissioun huet dat Dréibuch an der Unanimitéit ugeholl an dem Schäfferot geroden, de Projet ëmzesetzen. Si huet och gerode gläichzäiteg d'Regierung ze froen, fir de Projet matzefinanzéieren, well de Film wéinst sengen edukativen an touristeschem Inhalt fir d'ganzt Land wäertvoll wier.

De Schäfferot huet am Mäerz awer géint de Projet gestëmmt, well d'Produktiounskäschten ze héich wieren. Dat huet de René Leclère, deen zu Paräis gewunnt huet,[6] an eng schwiereg finanziell Situatioun bruecht, well hien an Tëschenzäit schonn e puer aner Projeten ofgesot hat. Hien huet de Projet iwwerschafft fir e méi bëlleg ze maachen. Am Mee 1938 war de Schäfferot averstane fir d'Hallschent vum Projetsbudget ze finanzéieren, bis zu enger Zomm vun 10.000 Frang. De Minister René Blum huet huet och e Subside vum Staat an Héicht vu 15.000 Frang accordéiert.

D'Produktioun änneren

D'Dréiaarbechten hunn am Juni 1938 an der Stad Lëtzebuerg ugefaangen.[3] Gedréint gouf ënner anerem op der Bréisseler Plaz a virun der Gare.[1] Wéi och bei senge Filmer virdru war den Evy Friedrich dem Leclère säin Assistent.

Déi zwee Haaptpersonnage waren den August Donnen an Hary Haagen, zwee bekannt lëtzebuergesch Theaterschauspiller. Den Auto am Film war den eelsten Auto, deen deemools zu Lëtzebuerg ze fanne war.[2]

De Film gouf vum bekannt Radiosspeaker Léon Moulin op Lëtzebuergesch geschwat. Domat war Circulez deen éischte lëtzebuergesche Film, deen och op Lëtzebuergesch geschwat ass. De Moulin kommentéiert als Reporter an erënnert d'Zuschauer un déi wichtegst Reegelen am Stroosseverkéier.[7]

De Film war nach e puer Méint a Postproduktioun a gouf am November 1938 op Paräis an d'Synchronisatioun geschéckt.

Première an Exploitatioun änneren

D'Première war de 25. Februar 1939 am Stater Kino Marivaux virun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot, a Vertrieder vun der Police, de Pompjeeën, der Voirie an der Press. De Film ass am Mäerz och de Kanner vun de Stater Primärschoule gewise ginn, mat enger Usprooch vun engem Policebeamten an der Virféierung vun engem Mickey-Mouse-Film.[8] Duerno gouf en och a Kinoen uechtert d'Land gewisen.[9]

De Film war, zesumme mat La chanson de l'eau, engem aneren Documentaire vum René Leclère, fir déi éischt Editioun vum Filmfestival vu Cannes 1939 ugemellt.[10] De Festival gouf awer schlussendlech ofgesot, well Groussbritannien a Frankräich den 3. September 1939 Nazidäitschland de Krich erkläert hunn. 2019 gouf zu Orléans e "Remake" vun der ofgesoter éischter Editioun vun 1939 organiséiert. Och dem René Leclère seng zwee Filmer goufen do gewisen a vum Paul Lesch, dem Direkter vum CNA presentéiert.[11]

Am Joer 1999 huet de Paul Lesch e Buch iwwert de René Leclère a säi Wierk verëffentlecht. Zesumme mam Buch huet den CNA, als Deel vun der Serie "Films Made in Luxembourg", siwe Filmer vum Leclère op VHS-Kassett erausbruecht, dorënner Circulez.[12][13]

Wat sot d'Press? änneren

Obermosel-Zeitung:[14]

"Circulez " ist ein sehr sauber gestalteter Filmstreifen, der, sagen wir es aber vorweg, nie und nimmer seinen Zweck als sogenannter „Verkehrsfilm", wie er gedacht ist, erfüllen Kann. Der Regisseur versteifte sich all zu oft auf das rein Schauspielerische, vergaß dabei ganz, daß es sich hier mehr oder weniger um einen ausgesprochenen Lehrfilm handeln soll [...] Anderseits gelangen Herrn Leclère aber auch verschiedene hervorragend gelungene Aufnahmen. Montage und Synchronisation waren erstklassig, die Begleitmusik sehr gut und die Regie außer den obgenannten Fehltritten zufriedenstellend. Der Film selbst aber als „Verkehrsfilm" gedacht, hat uns enttäuscht. Ganz bestimmt hätte man für den Haufen Geld, den er verschlungen hat, Besseres machen können.

Escher Tageblatt:[15]

Zum Filme selbst sei zu sagen, dass er in zweierlei Hinsichten meisterhaft gelungen ist. Was die Aufklärung angeht und die in Zukunft zu verhütenden Vergehen gegen die Verkehrsgesetzgebung schildert er an Hand von drastisch ausgesuchten Beispielen, wie man es machen soll und wie man es nicht machen soll. [...] [Es] sei bemerkt, dass die einzelnen aufklärenden Phasen vielleicht dadurch nicht immer eindrucksvoll zur Geltung kamen, weil der Filmstreifen unserer Ansicht nach allzu schnell ablief. Man versuche es einmal in weniger schnellem Tempo und vielleicht stellenweise sogar im «ralenti», und' wir sind überzeugt, dass der Film dann seine ganze Wirkung nicht verfehlen wird. Daneben sei aber auch hervorgestrichen, dass vom touristischen Standpunkt aus der Film ein Meisterwerk der Propaganda für die Felsenstadt Luxemburg darstellt[.]

Luxemburger Wort:[7]

Der Film selbst, bei auf knapp dreihundert Metern kaum eine erschöpfende Erfassung des Verkehrsproblems und eine vollendete Erziehung der Verkehrsmassen bieten konnte, darf als eine ansprechende Leistung gewertet werden. [...] Nett und äußerst wirksam sind bie humoristischen Einschiebsel, in denen August Donnen, Batty Nickels und Hary Haagen ergötzliche Rollen spielen. [...] Unsicherheit macht sich in der Aufgeregtheit der Bilder und in den mehrmaligen Wiederholungen bemerkbar.

Quell änneren

Literatur änneren

  • René Leclère, pionnier du cinéma luxembourgeois, vum Paul Lesch, 1999[12]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Le film sur la circulation, Luxembourg: journal du matin, 17. Juni 1938, Säit 3
  2. 2,0 2,1 Notizen zur Woche, Escher Tageblatt, 10. Juni 1938, Säit 8
  3. 3,0 3,1 Le Film sur la circulation, Luxembourg: journal du matin, 6. Juni 1938, Säit 3
  4. Annonce am Escher Tageblatt, 14. Abrëll 1939, Säit 11
  5. Cirrr...culez!, Luxembourg: journal du matin, 27. Februar 1939, Säit 3
  6. Lokalneuigkeiten, Escher Tageblatt, 8. Juni 1938, Säit 4
  7. 7,0 7,1 Lokal-Chronik, Luxemburger Wort, 27. Februar 1939, Säit 4
  8. Lokalneuigkeiten, Escher Tageblatt, 31. Mäer 1939, Säit 4
  9. Aus der Hauptstadt, Obermosel-Zeitung, 25. Mee 1939, Säit 4
  10. Das Programm von Cannes, Escher Tageblatt, 25. August 1939, Säit 8
  11. festivalfilm1939.com: Säit iwwer La Chanson de l'eau + Circulez (gekuckt den 23. Dezember 2021)
  12. 12,0 12,1 Biographie vum Leclère mat Kassett vu senger Filmer um Site vum CNA.
  13. luxemburgensia.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)
  14. Circulez, Obermosel-Zeitung, 28. Februar 1939, Säit 3
  15. Ein neuere Vekehrsfilm, Escher Tageblatt, 28. Februar 1939, Säit 9