Den Cincinnati Observatoire, steet zu Cincinnati, am Staat Ohio (USA) um Mount Lookout. Hie besteet aus zwee Gebaier mat Observatoiren a Lënsenteleskope vun 11 Zoll (28 cm) a 16 Zoll (41 cm) Ëffnung. Et ass den eelste professionellen Observatoire an den USA. Zanter 1871 gehéiert d'Anlag der Universitéit vun Cincinnati.

Den Observatoire vun Cincinnati

Reegelméisseg gëtt den Observatoire vu Stärefrënn an Astronome besicht an et gi Féierunge gemaach, sowéi astronomesch Programmer ugebueden.

Den Asteroid Cincinnati gouf no der Stad genannt, fir d'Mataarbechter vum Observatoire z'éieren.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren