Cienfuegos ass d'Haaptstad vun der Provënz Cienfuegos a läit an Zentralkuba an enger déiwer natierlecher Bucht.

Vue iwwer d'Stad Cienfuegos

D'Stad gouf 1514 gegrënnt a war am 19. Joerhonnert de wichtegsten Hafe fir d'Zockerexportatioun vum Süden.

Et liewen an dëser Stad, déi e bedeitenden Industriezentrum ass, eng 140.700 Awunner (2002).

Am Joer 2005 gouf den historeschen Zentrum vu Cienfuegos vun der Unesco zum Weltkulturierwen.

Kuckeswäertes änneren

 
De Palacio de Valle
  • De Palacio de Valle: eng gotesch, napoleonesch a mauresch Villa déi am Joer 1913 fir bal 2 Milliounen Dollar fir de Spuenier Ciscle de Valle y Blance gebaut gouf. Haut kann een dës Villa besiche goen an um Rez-de-Chaussée ass e Restaurant.
  • De Castilla de Jagua: ass eng Festung vu 1745 an huet fréier d'Cienfuegos Bucht virun de Pirate geschützt.
  • De Parque Martí: ass eng Plaz mat Musekpavillon a Bänken, ronderëm déi restaueréiert a riseg Villae stinn, wéi z. B. den Teatro Tomás Terry mat Aussichtstuerm, de Museo Provincial mat der Geschicht vun der Stad an d'Kathedral.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cienfuegos – Biller, Videoen oder Audiodateien