D'Churchill Barriers sinn eng Serie vu véier Dämm tëscht den Orkney Islands a Schottland, mat enger Totallängt vun 2,3 km. Si verbannen d'Orkney-Mainland am Norde mat der Insel South Ronaldsay iwwer Burray an déi zwou méi kleng Insele Lamb Holm a Glimps Holm.

Churchill Barrier 1, um Kirk Sound

Déi Barriäre goufen an den 1940er Jore gebaut, fir d'Affarte vum Hafe vu Scapa Flow ze blockéieren. Haut si s'an d'Stroossennetz mat agebonnen, an d'Strooss A961 vu Kirkwall op Burwick féiert driwwer.

Geschicht änneren

De 14. Oktober 1939, gouf der Royal Navy hiert Krichsschëff, d'HMS Royal Oak dat an dem natierlech Hafe vu Scapa Flow virun Anker louch, vum däitschen U-Boot U-47, ënner dem Kommando vum Günther Prien, versenkt. D'U-47 war a Scapa-Flow duerch den Holm Sound, eng vun den ëstlechen Affarten an den Hafen erakomm.

Déi Afaarte waren zwar duerch versenkt Blockschëffer, Minnen, an Anti-U-Boot Netzer, ofgeséchert, mä d'U-47 huet sech nuets mat der Flut tëscht de Blockschëffer erduerch geschlach.

Fir weider Attacken ze verhënneren, huet de Winston Churchill den Uerder ginn, fir permanent Barriären opzeriichten. D'Aarbechten hunn am Mee 1940 ugefaangen a waren am September 1944 fäerdeg.

Konstruktioun änneren

De Kontrakt fir d'Dämm ze baue war der Firma Balfour Beatty zougeschloe ginn, mä de südlechen Deel tëscht Burray a South Ronaldsay, gouf a Sous-Traitance vun der Firma William Tawse & Co augefouert.

De Fong gouf aus Gabioune gebaut, an dofir goufen 250.000 Tonne Fielsmaterial aus Steekaule vun Orkney erbäigeschleeft. D'Gabione goufe mat Hëllef vu Seelbunnen an d'Waasser gelooss, dat an der Moyenne 18 Meter déif war. Duerno goufe ronn 66.000 Bëtongsbléck vu 5 an 10 Tonnen, déi op der Plaz gegoss goufen, dropgesat.

D'Barriären änneren

Um Spaweck änneren