De Chrysaor (gr. Χρυσάωρ, "Goldschwert") war an der griichescher Mythologie de Jong vum Poseidon an der Medusa, deen zesumme mam Pegasos, engem Päerd mat Flilleken, aus der Medusa hirem Schouss ervirkomm ass wéi de Perseus se ëmbruecht huet. En huet d'Okeanid Kallirhoë bestuet, déi em de Geryoneus, en Ongeheier mat dräi Käpp (enger anerer Versioun no mat dräi Kierper) gebuer huet. De Geryneus sollt spéider an den Aventurë vum Herakles eng Roll spillen. Och d'Echidna soll eng Duechter vum Chrysaor gewiescht sinn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.