D'Chromosphär (griich: Faarfschicht) ass eng relativ dënn Masseschicht vun der Sonn, déi gréisstendeels aus Waasserstoff an Helium besteet.

D'Chromosphär vun eiser Sonn (Sonnendäischtert 1999) Foto:Luc Viatour

Si erstreckt sech bis zu enger Héicht vu ronn 10.000 Kilometer iwwer der Photosphär a geet dann an d'Korona iwwer.

Ouni optesch Hëllefsmëttel, wéi speziell H-Filteren, ass d'Chromosphär nëmme bei enger totaler Sonnendäischtert z'observéieren. Si gesäit da roudelzeg aus, an ass no uewe gezackt.

D'Gasdicht hëlt an der Chromosphär vun 10−11 op 10−15 g/cm³ mat der Héicht of. Gläichzäiteg klëmmt d'Temperatur vun ongeféier 6.000 K bis op 10.000 K. Op enger Distanz vun e puer honnert Kilometer geet d'Chromosphär dann an d'Korona mat eng bis zwou Millioune Kelvin iwwer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie