De Christy Brown, gebuer de 5. Juni 1932 zu Crumlin, Dublin, a gestuerwen de 6. September 1981, war en iresche Schrëftsteller a Moler.

Christy Brown
Gebuer 5. Juni 1932
Dublin
Gestuerwen 7. September 1981
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Schrëftsteller, Moler, Dichter, Dréibuchauteur, Autobiograph

De Christy Brown war dat zéngt vun 22 Kanner, vun deenen der 13 d'Gebuert iwwerlieft haten. Hie war mat enger schwéierer Athetos op d'Welt komm, a konnt nëmmen zwou Zéiwe vu sengem lénkse Fouss kontrolléiert beweegen. Dowéinst ass hie laang fir geeschteg behënnert gehale ginn bis datt hie senger Sëschter e Stéck Kräid mat sengem lénkse Fouss gekroopt huet, fir e Wuert ze schreiwen. Besonnesch duerch d'Hëllef vu senger Mamm, déi sech géint d'Doktere gestäipt huet, déi de Christy als onheelbare Fall an d'Psychiatrie wollte schécken, konnt hie sech no an no net nëmmen ausdrécken, mä souguer geschriwwen Texter a Biller produzéieren. Zäitliewens huet hien nëmme mat sengem lénkse Fouss konnte molen oder schreiwen.

Seng Autobiographie My Left Foot gouf en internationale Bestseller, deen a 14 Sproochen iwwersat gouf.

De Christy huet sech de 5. Oktober 1972 mat der Mary Carr bestuet, mat där hien eng Zäit zu Ballyheigue a Kerry an duerno zu Parbrook am Somerset gelieft huet, wou hien am Alter vun 49 Joer un enger Erstéckungskris gestuerwen ass.

Seng Bicher änneren

  • My Left Foot, Seng Autobiographie, 1954 erauskomm, wéi de Christy 22 Joer al war.
  • Down All the Days, Dësen autobiographesche Roman koum 13 Joer nom My Left Foot eraus a spillt an de Véierzeger- an de Fofzegerjoren zu Dublin.
  • Wild Grow the Lilies,
  • Come Softly to My Wake, 1971 bei Secker & Warburg erauskomm, ass eng Sammlung vu senge Gedichter.
  • Of Snails And Skylarks, 1978

De Film änneren

1989 huet den Jim Sheridan My Left Foot verfilmt. D'Dréibuch war vum Shane Connaughton. Den Hugh O'Conor (als Kand) an den Daniel Day-Lewis spillen de Christy an d'Brenda Fricker seng Mamm.

Fir ze liesen änneren

  • Georgina Hambleton: Christy Brown: The Life That Inspired My Left Foot, Mainstream Publishing. Déi éischt autoriséiert Biographie. (1. November 2007)

Um Spaweck änneren