Christophe Klein

lëtzebuergeschen Architekt
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Christophe, genannt Chrëscht Klein, gebuer den 1. Dezember 1942[1] an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 3. Mäerz 2024[2], war e lëtzebuergeschen Architekt.

Christophe Klein
Gebuer 1. Dezember 1942
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Mäerz 2024
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

Hien huet am Stater Kolléisch, der Handwierkerschoul an am Institut supérieur de technologie geléiert, ier en op Bréissel goung fir Architektur ze studéieren. Hien huet seng Studien 1969 ofgeschloss.

De Chrëscht Klein war vun 1984 u President vum Ordre des architectes bis d'ASBL 1992 opgeléist a vum Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils (OAI) iwwerholl gouf[3].

1993 huet hien zesumme mam René Muller den Architektebüro Klein & Muller gegrënnt[1].

Vun … bis … war de Chrëscht Klein Honorarkonsul vun der Côte d'Ivoire zu Lëtzebuerg.

Wierker änneren

De Chrëscht Klein huet zu Lëtzebuerg d'Pläng vun enger Rëtsch Schoulen, Banken a Kulturzentren gemaach a war och um Reamenagement vum Helleg-Geescht-Plateau bedeelegt.

Hien huet och am Ausland geschafft an absënns Projete fir Lux-Development am Niger, um Cap Vert an am Senegal realiséiert. Zu Dakar war hien um Neesopbau vum Kermel Maart bedeelegt, deen 1993 duerch e Feier zerstéiert gi war.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 B44236 – KLEIN & MULLER S.à r.l. op lbr.lu, gekuckt de 6. Mäerz 2024
  2. Familljenannonce am Luxemburger Wort, 06.03.2024, S. 32
  3. F6051– ORDRE DES ARCHITECTES LUXEMBOURG op lbr.lu, gekuckt de 6. Mäerz 2024