Christi Himmelfaart (lat. ascensio domini "Operstéiung vum Härgott"; algriichesch ἡ Ἀνάληψις τοῦ Κυρίου "Opnam vum Härgott") bezeechent am chrëschtleche Glawen, datt Jesus Christus als Jong vu Gott erëm bei säi Papp an den Himmel zeréckgaangen ass.

Jesus fiert bei säi Papp an den Himmel zeréck

Eng vereelzt Bezeechnung dofir ass Eroffersdag[1]

Dëse Feierdag gëtt 39 Deeg nom Ouschtersonndeg gefeiert. Dofir fält Christi Himmelfaart och ëmmer op en Donneschdeg. Christi Himmelfaart gëtt fréistens den 30. Abrëll a spéitstens den 3. Juni gefeiert.

Originn a Bedeitung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Operstéiung an Himmelfaart änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Datum vu Christi Himmelfaart änneren

Dëse Feierdag gëtt 39 Deeg nom Ouschtersonndeg gefeiert. Dofir fält Christi Himmelfaart och ëmmer op en Donneschdeg. Christi Himmelfaart gëtt fréistens den 30. Abrëll a spéitstens den 3. Juni gefeiert. Et ka virkommen, datt déi zwee Feierdeeg Éischte Mee a Christi Himmelfaart openee falen: dat ass fir d'nächst am Joer 2160 de Fall[2].

Christi Himmelfaart kann awer och op den Europadag falen, wat zanter 2019 zu Lëtzebuerg och e Feierdag ass. Dëst ass am Joer 2024 an duerno 2086 de Fall.

Feierdag änneren

Christi Himmelfaart ass e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg, grad wéi ë. a. an der Belsch, an Däitschland, Dänemark, Éisträich Finnland, Frankräich, Grönland, Haiti, Holland, Indonesien, Island, Kolumbien, Liechtenstein, Madagaskar, Namibia, Norwegen, Schweden an an der Schwäiz.

An Italien, Polen an an Ungarn gouf Christi Himmelfaart als gesetzleche Feierdag ofgeschaaft a gëtt elo den nächste Sonnde kierchlech gefeiert. An Italie lafe Bestriewungen, fir Christi Himmelfaart nees als gesetzleche Feierdag unzëerkennen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Christi Himmelfaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Wörterbuch – Luxemburg P. Linden, Hofbuchdrucker – 1950-77 (4 Bände, 1 Nachtragsband) (2004-04-13) Gearchiveerd op 2021-12-27. Gekuckt de(n) 2021-12-27.
  2. An der Vergaangenheet war et 1913 an 2008 de Fall.