Chittagong (op Chittagonesch a Bengali: চট্টগ্রাম, Chôţţogram) ass den Haapthafen an déi zweetgréisst Stad am Bangladesch. Si läit um Karnaphuli-Floss a beim Golf vu Bengalen an huet iwwer fënnef Milliounen Awunner.

Chittagong
Vue op Chittagong
Land Bangladesch
Vewaltungseenheet Distrikt Chittagong
Awunner 2.581.643
  2011
Fläch 168,07
Héicht 6 m
Koordinaten 22° 20’ 51’’ N
      91° 48’ 44’’ O
Telefonszon 31
Postcode 4000
Websäit http://www.ccc.org.bd

Zanter dem 9. Joerhonnert ass Chittagong eng Handelsplaz déi sech duerch eng räich Geschicht mat islameschen, hindu a buddhisteschen Aflëss auszeechent. Déi modern Stad gouf wärend der brittescher Kolonialzäit als Handelsplattform fir ënner anerem Téi a Pëtrol ausgebaut. Gläichzäiteg huet Chittagong eng zentral Roll an der Resistenz géint déi brittesch Kolonialmuecht gespillt. Och am zweete Weltkrich war d'Stad eng wichteg Militärbasis a Verfleegungsplaz fir déi Alliéiert wärend dem Burmafeldzug géint Japan. No der Deelung vun Indien 1947 ass Chittagong en Deel vun Ost-Pakistan ginn. 1971 huet sech Ost-Pakistan géint dem West-Pakistan säi Refus rebelléiert, d'Resultater vun den demokratesche Walen unz'erkennen, an d'Onofhängegkeet vun Ost-Pakistan (Bangladesch) gouf am selwechte Joer zu Chittagong erkläert. Als Konsequenz war d'Stad wéi de Rescht vum Land wärend dem Befreiungskrich Zeie vun enger Séiblockad a vu schlëmme Massaker duerch d'pakistanesch Arméi.

Haut ass Chittagong eng vun de Stied op der Welt déi am séierste wuessen an huet sech als wichtege Wirtschafts- an Industriezentrum an der Regioun entwéckelt. Well d'Stad dobäi ass, riseg Infrastrukturprojeten ëmzesetzen, dorënner e Séihafen, hunn d'Nopeschlänner Indien a China Chittagong als regional Transitplattform am A. Den Hafe gëtt als entscheedend fir d'wirtschaftlech Entwécklung vum bannenzegen Asien ugesinn, dorënner Nordostindien, Bhutan, Nepal an Deeler vu Südchina.

Fotoen änneren