Chartreuse heescht e Likör deen no engem Rezept vun de Kartaiserpateren aus dem massif de la grande Chartreuse bei Grenobel hiergestallt gëtt. D'Rezept kruten d'Kartaiser am Joer 1605.

Nieft e puer aner Produiten (z. B. Elixir Végétal a Liqueur d'Elixir) si wuel déi gréng an déi giel Chartreuse déi bekanntst Ausféierunge vun dësem Likör. Se bestinn aus Alkohol (55° fir déi gréng a 40° fir déi giel), Zocker an 130 Planzen. Nëmmen dräi Kartaiserbridder wësse wéi eng Planzen an a wéi enge Proportiounen.

Um Spaweck änneren

Commons: Chartreuse (liqueur) – Biller, Videoen oder Audiodateien