Charles Melchior Artus de Bonchamps


De Charles Melchior Artus de Bonchamps, gebuer den 10. Mee 1760 zu Juvardeil am Anjou, gestuerwen den 18. Oktober 1793, war e franséische Politiker a Kommandant vun der Arméi vun der Vendée géint d'Republik an der Franséischer Revolutioun.

Charles Melchior Artus de Bonchamps
Gebuer 10. Mee 1760
Gestuerwen 18. Oktober 1793
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Militär

Säi Liewen änneren

Nodeem de Bonchamps am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gedéngt hat, war hie Kapitän vum Regiment vun der Aquitaine. Dës Plaz huet hie mam Ausbroch vun der Revolutioun verlooss, déi hien net guttgeheescht huet. Hien huet sech op e Schlass bei Saint-Florent zeréckgezunn. Duer sinn d'Opstänneg aus der Vendée hie siche komm, fir hien un hir Spëtzt ze stellen.

Als virsiichtegen a gudde Generol huet hie sech e puermol mat de republikaneschen Truppe geschloen, krut awer vu senge Kolleege virgeworf, net séier genuch Entscheedungen ze treffen. Hie gouf 1793 zesumme mam Maurice-Louis-Joseph Gigot d'Elbée zum Generol vun der Kathoulescher a kinneklecher Arméi vun der Vendée ernimmt. Hie konnt verschidde Succèsen am Anjou fir sech verbuchen, a war beim Anhuele vun den Uertschafte Bressuire an Thouars mat derbäi.

De 17. September 1793 gouf d'Arméi ënner dem Kommando vum Charette a Bonchamps um Bord vun der Strooss tëscht Tiffauges a Cholet vun de Republikaner ënner dem Kléber ugegraff[1].

De Kléber, dee scho blesséiert war, ass op der Bréck vu Boussay ukomm, an huet do zwou Kanoune placéiere gelooss[2]. No dëser Néierlag huet de Canclaux dem Beysser den Uerder ginn, op Boussay ze goen. De Charette an de Bonchamps hunn decidéiert, hien unzegräifen, wat hinne bei Montaigu gelongen ass. D'republikanesch Truppe goufen an d'Flucht geschloen a bis op Aigrefeuille verfollegt.

Vu Montaigu ass de Charette weider op Saint-Fulgent marschéiert, wou hien d'Republikaner op en Neits geschloen huet, an hinnen 22 Kanounen a Munitioun geholl huet. Den Dag drop, den 22. September, hunn de Bonchamps an den d'Elbée de Canclaux bei Clisson ugegraff. Allerdéngs war de Charette net zur Zäit um Rendez-vous, an d'Vendéens goufe geschloen.

Den 30. September ass de Kléber bei Montaigu op d'Virposte vu Bonchamps an d'Elbée getraff. D'Genereel haten do hire Camp mat 40.000 Männer opgeschloen, de Kléber huet d'Signal fir eng Attack ginn[3]. No Kämpf vun zwou Stonne goufen d'Vendéens an d'Flucht geschloen.

Bei Saint-Christophe-du-Ligneron a La Tremblaie goufen d'Vendéens ënner dem Bonchamps, dem d'Elbée, dem Lescure an dem La Rochejaquelein op en Neits geschloen, an de Lescure gouf déidlech blesséiert.

An der Schluecht vu Cholet de 17. Oktober 1793 hu sech 24.000 Republikaner de 40.000 Vendéens gestallt, déi hire Mutt verluer haten, an ëmmer méi schlecht Disziplin gewisen hunn. D'Vendéens waren trotzdeem laang am Virdeel. De jonke Generol Marceau konnt d'Rudder erëmrappen, an de Republikaner d'Victoire schenken[4]. D'Verloschter op der Säit vun den Opstännege goufen op 10.000 Männer geschat. Den d'Elbée gouf liicht blesséiert, de Bonchamps déidlech. De Bonchamps gouf op Saint-Florent bruecht, wou hien den Dag drop gestuerwen ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Cholet.

 
D'Statu "Pardon de Bonchamps" vum David d'Angers.

D'Mme de Bonchamps († 1845) huet an hire Mémoires déi lescht Momenter vum Liewe vun hirem Mann festgehalen:

M. de Bonchamps, après, sa blessure, avait été transporté à Saint-Florent, où se trouvaient 5 000 prisonniers renfermés dans l'église. La religion avait jusqu'alors préservé les Vendéens de représailles sanguinaires ; mais lorsqu'on leur annonça que mon infortuné mari était blessé mortellement, leur fureur égala leur désespoir ; ils jurèrent la mort des prisonniers.
M. de Bonchamps avait été porté chez M.Duval, dans le bas de la ville. Tous les officiers de son armée se rangèrent à genoux autour du matelas sur lequel il était étendu, attendant avec anxiété la décision du chirurgien. Mais la blessure ne laissait aucune espérance. M. de Bonchamps le reconnut à la sombre tristesse qui régnait sur toutes les figures. Il chercha à calmer la douleur de ses officiers, demanda avec instance que ses derniers ordres fussent exécutés, et aussitôt il prescrivit que l'on donnât la vie aux prisonniers ; puis se tournant, vers d'Autichamp il ajouta: « Mon ami, c'est sûrement le dernier ordre que je vous donnerai, laissez-moi l'assurance a qu'il sera exécuté. » En effet, cet ordre, donné sur son lit de mort, produisit tout l'effet qu'on en devait attendre ; à peine fut-il connu des soldats que de toutes parts ils s'écrièrent: Grâce! grâce! Bonchamp l'ordonne! et les prisonniers furent sauvés.

De Bonchamps gouf op der Plage vu Varades begruewen. De Barante, Redakter vun de Mémoires de Madame de La Rochejacquelein, huet behaapt, datt e puer Deeg drop d'Republikaner d'Läich nees ausgegruewen hätten, fir de Kapp erofzeschloen, an dësen un d'Convention ze schécken.

Ënner de 5.000 republikaneschen Zaldoten, déi vum Bonchamps den 18. Oktober begnodegt goufe war och de Papp vum Kënschtler David d'Angers. Dësen huet d'Statu "Pardon de Bonchamps" geschaf, wouvun d'Original zu Saint-Florent-le-Vieil an eng Kopie an der Galerie David d'Angers zu Angers ze gesinn ass.

Literatur zum Theema änneren

  • « Charles Melchior Artus de Bonchamps » in: Charles Mullié, Biographie des célébrités militaires des armées de terre et de mer de 1789 à 1850, 1852.
  • « Charles Melchior Artus de Bonchamps » in: Louis-Gabriel Michaud, Biographie universelle ancienne et moderne: histoire par ordre alphabétique de la vie publique et privée de tous les hommes avec la collaboration de plus de 300 savants et littérateurs français ou étrangers, 1843-1865.

Um Spaweck änneren

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Attack koum sou vif, datt d'Duerf direkt vun de Vendéens evakuéiert a vum Kléber ageholl gouf. Mä de Réckzuch war keng Flucht. D'Vendéens hu sech hanner den Hecken an am Gruef nees gesammelt an et koum zu weidere Kämpf. No bal fënnef Stonnen huet sech de Kléber nees zeréckgezunn.
  2. De Kléber sot zum Chevardin: Tu vas rester ici et défendre ce passage. Tu seras tué, mais tu sauveras tes camarades.Oui, Général, huet de Chevardin geentwert, an ass op dësem Poste gestuerwen, och wann d'Vendéens net duerchkomm sinn.
  3. Nous n'avons pas de canons, sote verschidden Offizéier. — Eh bien ! sot de Generol, reprenons ici ceux que nous avons perdus à Torfou.
  4. Jamais les Vendéens n'ont livré un combat si opiniâtre, si bien ordonné ; ils combattaient comme des tigres et leurs adversaires comme des lions. (Kléber)