De Charles Greeley Abbot gebuer den 31. Mee 1872 zu Wilton, New Hampshire, USA ass gestuerwen de 17. Dezember 1973 zu Riverdale, Maryland, USA). Hie war en US-amerikaneschen Astrophysiker.

Charles Greeley Abbot
Gebuer 31. Mee 1872
Gestuerwen 17. Dezember 1973
Washington
Nationalitéit USA
Educatioun Massachusetts Institute of Technology,
Phillips Academy
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

An de Joren 1895 bis 1896 war den Abbot Assistent um Astrophysikaleschen Observatoire vun der Smithsonian Institution zu Washington D. C.. Vun 1896 bis 1906 war hie stellvertriedenden Direkter an 1907 bis 1944 Direkter vum Institut.

Den Abbot huet besonnesch um Gebitt vun der Meteorologie geschafft, der Stralung, de Stären an der Sonn. Hien huet d'Solarkonstant bestëmmt a war Matgrënner vun der Sonnephysik.

Am Joer 1909 konstruéiert den Abbot en Pyrheliometer, mat deem hien éischt genee Miessunge vun der Solarkonstant geholl huet. Den Abbot huet och zu den Éischte gezielt, déi ugeholl hunn, datt d'Stralung vun der Sonn zäitlech schwankt a konnt 1953 den Afloss vun dësen Ännerungen op eist Wieder noweisen.

Um Spaweck änneren