Charles Goerens

lëtzebuergesche Politiker

De Charles Goerens, gebuer de 6. Februar 1952 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Charles Goerens
Gebuer 6. Februar 1952
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Papp Gust Goerens

Säi Liewen änneren

De Charles Goerens ass zu Schieren opgewuess a war zu Carlsbourg an der Belsch am Institut Saint-Joseph, fir eng Ausbildung als Bauer ze maachen.

Hien huet seng politesch Carrière 1979 ugefaangen, wéi en op der Lëscht vun der DP fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt gouf.

Tëscht 1982 an 1984 ass en an d'Europäescht Parlament gewiesselt, wou en ee vun de sechs lëtzebuergeschen Deputéierte war. Hie war och President vun der WEU vun 1987 bis 1994.

Vun 1989 bis 1994 war e President vun der DP. 1989-1994 war hien Deputéierten an der Chamber, vun 1994-1999 nees am Europaparlament.

De 7. August 1999 gouf de Charles Goerens an der Regierung Juncker-Polfer zum Minister fir Kooperatioun, Entwécklungshëllef a Verdeedegung an zum Minister fir Ëmwelt ernannt.

No de Chamberwale vum 13. Juni 2004 war hien nees Deputéierten an der Chamber.

Am Juni 2009 huet hie fir d'Europawale kandidéiert a gouf als de Kandidat mat deene meeschte Stëmme gewielt. Virum Oflaf vun deem Mandat huet hie fir d'Chamberwale vum 20. Oktober 2013 kandidéiert a gouf och an d'Chamber gewielt. Dräi Deeg drop sot en awer, hie wéilt säi Mandat als Chamber-Deputéierten net unhuelen an hätt och net Wëlles, eventuell Minister ze ginn.[1] Fir d'Europawalen 2014 war hie de Spëtzekandidat vun der DP a gouf op deen ee Sëtz, deen déi Partei bei de Wale gewonnen huet, erëmgewielt[2]. Bei den Europawalen 2019 gouf hien nees, mat de meeschte Stëmmen, als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten am Europaparlament erëmgewielt[3].

2013 gouf hien um DP-Parteikongress zum Vizepresident vun der DP gewielt. Hien ass Member vum Verwaltungsrot vu Foyer Finance[4].

De Charles Goerens ass bestuet a Papp vun dräi Kanner. Hien ass de Jong vum Lokalpolitiker Gust Goerens.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Goerens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Goerens zieht sich aus nationaler Politik zurück - DP bereit für Dreierkoalition." wort.lu, 23.10.13 19:28.
  2. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  3. Élections européennes 2019 - Candidats élus op elections.public.lu, gekuckt de 27. Mee 2019
  4. Memorial C n° 1508 vum 25. Juni 2013
  5. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  6. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn