Charles François Paul Le Normant de Tournehem

Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Charles François Paul Le Normant de Tournehem war e franséische Financier aus dem 18. Joerhonnert, gebuer 1684 a gestuerwe 1751.

Charles François Le Normant de Tournehem. Garvur nom Louis Tocqué.

De Charles François Paul Le Normant de Tournehem war Fermier général. Duerch den Afloss vun der Madame de Pompadour, gouf hie Generaldirekter vun de Bâtiments du Roi, Akademien a Manufakture vu 1745 bis zu sengem Doud, als Nofollger vum Philibert Orry.

De Le Normant de Tournehem war warscheinlech de biologesche Papp vun der Jeanne-Antoinette Poisson (1721-1764), spéider Marquise de Pompadour. Hie gouf hire legalen Tuteur wéi hiren offizielle Papp 1725 Frankräich huet misse verloossen. Hien huet si erzunn a si 1741 mat sengem Neveu, dem Charles-Guillaume Le Normant d'Étiolles bestuet.