Charles Eugène Delaunay

Den Charles-Eugène Delaunay, gebuer den 9. Abrëll 1816 zu Lusigny-sur-Barse bei Troyes, a gestuerwen de 5. August 1872 bei Cherbourg, war e franséische Mathematiker an Astronom.

Charles Eugène Delaunay
Gebuer 9. Abrëll 1816
Lusigny-sur-Barse
Gestuerwen 5. August 1872
Cherbourg-Octeville
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
École nationale des mines vu Paräis,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Ingenieur
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften

Säi Liewen änneren

Den Delaunay huet beim Jean-Baptiste Biot op der Sorbonne zu Paräis studéiert. A sengen Aarbechten huet e sech mat der Himmelsmechanik an dem Dräikierperproblem beschäftegt.

Am Joer 1870 krut de Charles-Eugène Delaunay d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society zu London. Am selwechte Joer gouf hien Direkter vum Paräisser Observatoire.

De Charles-Eugène Delaunay ass de 5. August 1872 bei engem Schëffsongléck am Hafe vu Cherbourg erdronk.

Hien ass mat sengem Numm op dem Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.

Publikatiounen änneren

  • Cours élémentaire de mécanique. (1850)
  • Traité de mécanique rationnelle. (1856)
  • La Théorie du mouvement de la lune. 2 Bde. (1860-7)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie