Den Charles Dillon Perrine, gebuer den 28. Juli 1867 am Ohio, a gestuerwen den 21. Juni 1951 zu Villa del Totoral an Argentinien, war en US-amerikaneschen Astronom, dee spéider an Argentinie gelieft a geschafft hat.

Charles Dillon Perrine
Gebuer 28. Juli 1867
Steubenville
Gestuerwen 21. Juni 1951
Córdoba
Nationalitéit USA, Argentinien
Aktivitéit Astronom

Liewen a Wierken änneren

De Perrine hat vun 1893 bis 1909 am Lick-Observatoire a Kalifornien geschafft. Vun 1909 bis 1936 war en Direkter vum Argentineschen National-Observatoire zu Córdoba (haut Observatorio Astronómico de Córdoba).

Am Joer 1901 hat hien zesumme mam George Willis Ritchey Gasniwwellen ëm de Stär Nova Persei 1901 observéiert, déi sech schäinbar mat Iwwerliichtvitess beweegt hunn. Dësen Effet kënnt doduerch zustan, datt sech Matière mat héijer Vitess op den Observateur zoubeweegt an dobäi Liicht verschéckt.

1904 an 1905 huet de Perrine zwéi Jupitermounden entdeckt, déi haut als Himalia an Elara bekannt sinn. Déi Nimm krute si awer eréischt am Joer 1975, virdru goufe se als Jupitermound VI a VII bezeechent.

Doriwwer eraus war hien Entdecker oder Matentdecker vun en ettleche Koméiten, dorënner de verluergaangene Koméit 18D/Perrine-Mrkos. Den Astronom Antonin Mrkos huet dem Perrine zu Éieren de spéider entdeckten Asteroid (6779) Perrine genannt.

De Perrine hat an Argentinien d'astrophysikalesch Fuerschunge virugedriwwen an hat de Bau vum grousse Bosque Alegre-Teleskop forcéiert, deen allerdéngs eréischt 1942 fäerdeg gouf.

Seng Pensioun hat hien an Argentinie verbruecht. 1951 ass en zu Villa General Mitre (dat spéider nees den alen Numm, Villa del Totoral, krut), gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht Cementerio Disidente zu Córdoba begruewen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie