D'Charente ass en 381 km laange Stroum am Weste vu Frankräich, an der Regioun Nouvelle-Aquitaine. Si entspréngt um Territoire vun der Gemeng Chéronnac, am Kanton Rochechouart, leeft ufanks a Richtung Nordwesten an dréint da bei Civray a südlech Richtung bis op Angoulême. Do geet et dann an Direktioun Weste virun, laanscht Jarnac a Cognac, bis op Saintes. Do mécht se d'Kéier no Nordweste fir dann ënnert Rochefort a vis-à-vis vun der Île d'Oléron, an de Golf vu Biscaya an den Atlanteschen Ozean ze mënden.

Charente
D'Charente mat hire wichtegsten Nieweflëss
Längt 381 km
Debit 40 m³/s
Fläch vum Baseng 10.549 km²
Originn
Originn Quell
Plaz bei Chéronnac
Héicht 308
Koordinaten 45° 45’ 21’’ N
      00° 46’ 15’’ O
Konfluenz
Leeft an Atlantik
Plaz bei Rochefort
Héicht 0
Koordinaten 45° 57’ 15’’ N
      01° 04’ 32’’ O
Geographie
Land Frankräich
Uertschaften Angoulême, Cognac, Saintes, Rochefort
Saint-Yrieix-sur-Charente, Jarnac, Tonnay-Charente
D'Charente bei Tonnay

Op de ronn 150 km vun der Mëndung bis op Angoulême erop ka se mat Schëffer befuer ginn.Vu Saint-Savinien un ass den Afloss vun de Gezäiten ze spieren. Historesch ass d'Charente e wichtegen Transportwee fir de Wäibrand, deen no der Stad mam selwechten Numm Cognac genannt gëtt.

D'Charente leeft duerch d'Departementer Haute-Vienne, Vienne, Charente a Charente-Maritime. Deenen zwéi leschten huet se hiren Numm ginn.

Nieweflëss änneren

Vu lénks:

Vu riets:

Uertschaften um Floss änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charente – Biller, Videoen oder Audiodateien