Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Chandrayaan-3 (Sanskrit an Hindi चन्द्रयान ३, iwwersat „Moundgefier 3“) ass déi drëtt Moundsond vun der indescher Raumfaartagence (ISRO). Se gouf de 14. Juli 2023 um 09:05 Auer UTC vum Satish Dhawan Space Centre op der südindescher Insel Sriharikota gestart. Den 23. August 2023 um 12:32 Auer UTC ass se mëll am südleche Beräich vun der viischter Moundsäit, an der Géigend vum Krater Manzinus U gelant. Well de Lander an de matgefouerte Rover net mat enger Heizung ausstafféiert sinn, kënne se héchstens 12 Deeg um Mound schaffen.

Chandrayaan-3
d'Chandrayaan-3 ier se an d'Kapsel gesat gouf
Missiounszil Äerdmound
Land Indien
Agentur Indian Space Research Organisation
Startmass 3.900 kg
Start 14. Juli 2023, 09:05 UTC
Enddatum
Startplaz Weltraumgare Satish Dhawan Space Centre
Drorakéit LVM3
Status mëll gelant

Chandrayaan-3 ass déi éischt erfollegräich Moundlandung fir Indien.

Geschicht änneren

Am Kader vum Chandrayaan-Moundprogramm hat d'ISRO den 22. Juni 2019 d'Sond Chandrayaan-2 mat engem Orbiter, engem Lander an engem Rover gestart. De Lander sollt am September 2019 op der Mounduewerfläch landen an de Rover Pragyan aussetzen. Wéinst engem Softwarefeeler ass de Lander awer erofgefall.

Méi spéit gouf decidéiert eng Widderhuelungsmissioun z'organiséieren, d'Chandrayaan-3, fir d'Landunstechnik nees eng Kéier ze testen. Dës Tester sinn néideg am Kader vun der indesch-japanescher Lunar Polar Exploratioun Missioun (LUPEX) déi 2025 op de Südpol vum Mound féiere soll.

Um Spaweck änneren

Commons: Chandrayaan-3 – Biller, Videoen oder Audiodateien