Chadli Bendjedid

President vun Algerien

De Chadli Bendjedid (ar: الشاذلي بن جديد ("asch-Schadhili ibn Dschadid"), gebuer de 14. Abrëll 1929 zu Seba'a an der Gemeng Bouteldja, Provënz El Tarf, a gestuerwen de 6. Oktober 2012 zu Alger, war vun 1979 bis 1992 algeeresche President.

Chadli Bendjedid
Gebuer 14. Abrëll 1929
Gestuerwen 6. Oktober 2012
Alger
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich, Algerien
Aktivitéit Politiker, Militär, Schrëftsteller

De Bendjedid gouf 1929 zu Seba'a gebuer. Hie ass an d'franséisch Arméi agetrueden an huet am Indochinakrich gekämpft, wou en et zum Ënneroffizéier bruecht huet. 1954 ass en dem FLN bäigetrueden a gouf, wärend dem Algerienkrich, bei de Guerillaunitéiten de Chef vun iwwer 6000 Mann.

Ënner dem Houari Boumedienne gouf hien tëscht 1965 a 1978 Member vun der Regierung. No deem sengem Doud gouf hien 1979 zum President gewielt. 1988 koum et zu schwéiere sozialen Onrouen am Land an de Bendjedid huet zougestëmmt, datt fräi Parlamentswalen organiséiert goufen. Am Dezember 1991 huet beim éischten Tour vun de Walen de Front islamique du salut (FIS) gewonnen, wouropshin d'Militär geputscht an de Bendjedid zum Récktrëtt gezwongen huet. De Biergerkrich, deen doraus entstanen ass huet jorelaang gedauert an Zéngdausenden d'Liewe kascht.