D'Cepheide sinn eng Klass vu verännerleche Stären, déi nom Stär δ Cephei am Stärebild Cepheus benannt sinn, eng Ënnerklass vun de Pulsatiounsverännerlechen. D'Cepheide veränneren hir Liichtkraaft streng periodesch, dobäi verännert sech och hir Uewerflächentemperatur an domat och hir Spektralklass. Typesch Cepheide pulséiere mat enger Period vun e puer Deeg. Den Delta Cephei beispillsweis mat zirka 5,37 Deeg, an deene sech seng Ausdeenung ëm ronn 2,7 Millioune km ännert.

Physik vum Pulsatiounsprozess änneren

D'Ursaach vum Pulséiere vun den Cepheiden ass de Kappa-Mechanismus. De ioniséierte Gas am Stäremantel ass fir d'Stralung vum Stär net duerchsiichteg a wiermt sech duerch Absorptioun op. D'Temperaturerhéijung mécht datt d'Absorptiounsfäegkeet erof geet an den Drock souwéi d'Temperatur nees zouhëlt. De Stär zitt sech wéinst senger eegener Gravitatioun nees zesummen.

Distanzmiessung änneren

D'Delta Cephei-Stäre ginn dacks och als Distanzmarkéierungsstäre bezeechent, well d'Astronome si als Standardkäerze fir d'Distanzbestëmmung vu Galaxië benotzen.

Dobäi gëtt ausgenotzt, datt Cepheiden als Risestäre ganz hell Objete sinn. Et kann ee se vun der Äerd aus bis zu enger Distanz vun e puer Megaparsec, a mat dem Hubble-Weltraumteleskop bis zu ronn 20 Megaparsec, d. h. och nach an Nopeschgalaxien, gesinn.

Den Henrietta Swan Leavitt huet 1912 festgestallt, datt déi absolut Hellegkeet (M) respektiv d'Liichtkraaft vun engem Cepheid fest mat dem Logarithmus vun der Pulsatiounsperiod (P an Deeg) zesummenhänkt. Déi sougenannt Perioden-Liichtkraaft-Relatioun ass:

  [1].

Domat ass et méiglech, aus der Observatioun vum Cepheideliichtwiessel op seng absolut Hellegkeet ze schléissen.

Seng Distanz (D, a Parsec) kann een da mat Hëllef vun der Distanzequatioun aus dem Ënnerscheed tëscht der absolutter Hellegkeet (M) an der miessbarer visueller Magnitude (m) moossen:

 .

Bekannt Vertrieder änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren