De Cayambe ass e Vulkan an den Anden am Ecuador. Hie läit um Equator, zirka 65 km am Nordoste vun der Haaptstad Quito.

De Vulkan Cayambe

Seng Spëtz erreecht 5.796 Meter an hien ass domat den drëtthéchste Bierg am Ecuador, nom Chimborazo, 6.267 m an dem Cotopaxi, 5.897 m.

Op der Südflank vum Vulkan, op 4.600 m, ass deen héchste Punkt op der Welt vun der Equatorlinn.

De Cayambe ass dat ganzt Joer mat Schnéi bedeckt. Hie gehéiert zu der ekologescher Reserve Cayambe-Coca.

Den Numm vum Vulkan staamt aus der Sprooch vun de Kayambi, den Urawunner déi schonn an der Pre-Inkazäit do gewunnt hunn. Hir direkt Nofollger liewen haut nach an den Dierfer um Fouss vum Vulkan.

Cayambe ass och den Numm vun enger Stad mat zirka 30.000 Awunner um Fouss vum Vulkan.

Vulkanismus änneren

De Cayambe ass virun zirka 1 Millioun Joer entstanen, en ass geologesch gesinn also nach e jonke Vulkan. Et ass keng historesch Eruptioun bekannt an e gëllt als ageschlof.

Rezenten Ënnersichungen no gouf et an de leschte 4000 Joer Eruptiounsperiode vun zirka 700 Joer déi mat Rouperiode vu 500-600 Joer ofgewiesselt hunn. Mat engem neien Erwäche vum Vulkan muss also gerechent ginn.

Biergklammen änneren

Déi éischt op der Spëtz waren 1880 de brittesche Biergkloterer Edward Whymper a seng zwéin italieenesch Kolleegen, d'Bridder Jean-Antoine a Louis Carrel.

De Cayambe ass haut e beléift Zil vun den Alpinisten, d'Dropklamme gëllt allerdéngs wéinst villen oniwwersiichtleche Gletschersplécken, permanenter Lawinegefor an onerwaarte Schnéistierm als geféierlech. Et ass also nëmme geübte Biergkloterer, méiglechst mat lokalem Guide, ze recommandéieren. Dee relativ gutt équipéierte Refuge deen op der Südwestflank, op 4.739 m, 26 km vun der Panamericana aus läit, ass mat engem 4×4 z'erreechen.

Literatur änneren

  • Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee warscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zanter ville Joren zu Quito).
  • Quand le Cayambe se réveillera... Le Journal du CNRS 196, mai 2006. [1]
  • Geographesch Koordinaten: 00° 00’ 55’’ N
          77° 59’ 14’’ W

Kuckt och änneren

Lëscht vun de Vulkaner

Um Spaweck änneren

Commons: Cayambe (Vulkan) – Biller, Videoen oder Audiodateien