Cavendish-Laboratoire

(Virugeleet vu(n) Cavendish Laboratory)

De Cavendish-Laboratoire (en: Cavendish Laboratory) gouf 1873 gegrënnt. Et ass en Institut fir Physik vun der englescher Eliteuniversitéit Cambridge.

Cavendish-Laboratoire
Cavendish Laboratory
Typ Institut
Land Vereenegt Kinnekräich
Ënnersteet der/dem Universitéit vu Cambridge
Gegrënnt 1874
Genannt no Henry Cavendish
Um Spaweck https://www.phy.cam.ac.uk/

De Laboratoire war ufanks am Zentrum vu Cambridge an der Free School Lane, ass awer wéinst Plazmanktem an den 1970er Joren op West Cambridge geplënnert. Déi Physikalesch Chimie hat dat scho méi fréi gemaach.

Si ass nom William Cavendish, dem fréiere Kanzler vun der Universitéit, genannt (dofir och ufanks Devonshire Labor genannt) an als Undenken u säi bekannte Familljemember, den Experimentalphysiker Henry Cavendish[1].

Bekannt Wëssenschaftler änneren

Cavendish Professere fir Physik:

Bis zum Pippard waren d'Cavendish Professeren och Leeder vum Labor, duerno hu sech d'Fonctioune getrennt.

Am Ament (2012) ass den James Stirling Leeder vum Labor.

Cavendish Labor op der haiteger Standplaz, 2005

Fuerschung änneren

Bis haut goufen 28 Nobelpräisser u Fuerscher verginn, déi am Cavendish-Laboratoire geschafft haten. Déi wichtegst Fuerschungsfelder waren dobäi Nuklearphysik (prominent vertrueden duerch de Lord Rutherford a seng Schoul), Atomphysik, Molekularphysik a Kristallographie, Festkierperphysik (zum Beispill Supraleedung), Elektronemikroskopie an Radioastronomie.

1953 haten den James Watson an de Francis Crick et fäerdegbruecht d'Desoxyribonukleinsaierstruktur duerzestellen.

Um Spaweck änneren

Commons: Cavendish-Laboratoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Geschichte des Labors Archivéiert op 2012-01-18. Gekuckt de(n) 2013-07-01.