De Castor (laténgesch Schreifweis, wiertlech iwwersat "Biber") oder Kastor (griichesch) ass deen zweethellste Stär am Stärebild Gemini (Zwillinge). Obschonn hien net sou hell ass wéi de Pollux am selwechte Stärebild, huet hien an der Astronomie d'Bezeechnung α Geminorum.

D'Stärekonstellatioun vum Gemini

Beim Castor handelt et sech ëm e komplexen Méifachstäresystem op enger Distanz vu 45 Liichtjoer, bei deem dräi Haaptstären ëm e kollektive Schwéierpunkt kreesen. Jiddweree vun den Haaptstäre gëtt selwer erëm vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest.

Déi zwou hellst Haaptkomponenten, kuerz als α Gem A respektiv α Gem B bezeechent, sinn 1,9 mag respektiv 2,9 mag hell, a gehéieren zu de Spektralklassen A1 an A2m, an hunn allebéid d'Liichtkraaftklass  V. Hir Ëmlafzäit ass 420 Joer. Bei deenen Zwéin handelt et sech ëm spektroskopesch, also net optesch opléisbar Duebelstären.

Déi drëtt Komponent mat der Bezeechnung YY Geminorum ass e bedeckungsverännerleche Stär, a besteet aus Rouden Zwergen. Den YY Geminorum ass nëmmen 8,07 mag hell an ëmkreest d'Castor-System an engem Ofstand vu ronn 70" zu de Komponenten A a B. De Positiounswénkel zu A ass 164°.

Entwécklung vu Positiounswénkel a Wénkelofstand vun den Haaptkomponente vum Castor:

Joer Ofstand Positiounswénkel
1990 3" 76°
1995 3,5" 69°
2000 3,9" 65°
2005 4,3" 61°
2010 4,7" 57°

Date vum Castor:

Bei anticken Opzeechnungen an an der Astrologie goufen d'Stäre Castor a Pollux ëmmer zesumme betruecht. Si markéieren am Stärebild d'Käpp vun den onzertrennlechen Zwillingen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie