D'Carolyn Jean Spellmann Shoemaker, gebuer de 24. Juni 1929 zu Gallup, New Mexico, a gestuerwen den 13. August 2021[1],[2], war eng US-amerikanesch Astronomin.

Carolyn Shoemaker
Gebuer 24. Juni 1929
Gestuerwen 13. August 2021
Flagstaff
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Eugene Shoemaker

Si gehéiert zu den Entdecker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 a war d'Fra vum Astronom Eugene Shoemaker, deen 1997 gestuerwen ass. Keng aner eenzel Persoun huet bis haut sou vill Koméiten entdeckt wéi d'Carolyn Shoemaker.

Hir Karriär an der Astronomie huet am Joer 1980 ugefaangen, wou si zesumme mat hirem Mann an dem David Levy um Palomar-Observatoire no Asteroiden a Koméite gesicht huet, déi d'Ëmlafbunn vun der Äerd gekräizt hunn. Fir no Objeten ze sichen, déi sech virum Hannergrond vu Fixstäre beweegen, huet si e Stereoskop benotzt, fir Filmer mat dem 46 cm Schmidt-Teleskop kënnen ze beliichten. Dee Programm gouf nom Doud vun hirem Mann agestallt.

Bis zum Joer 2002 goufen der Carolyn Shoemaker d'Entdeckunge vun am Ganzen 32 Koméiten an iwwer 800 Asteroiden zougeschriwwen. Vun der Northern Arizona University zu Flagstaff (Arizona) krut si en Éierendoktertitel, an 1996 krut si vun der NASA d'Exceptional Scientific Achievement Medal. Zesumme mat hirem Mann (posthum) gouf si ausserdeem 1998 mat der James-Craig-Watson Medail ausgezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "American Astronomer Carolyn Shoemaker's Death at 92." US day News, 2021-08-14
  2. Jean-Baptiste Feldmann: "Carolyn Shoemaker a rejoint son mari dans les étoiles." Cielmania, le blog de Jean-Baptiste Feldmann, photographe du ciel, 2021-08-15