Caroline Herschel

däitsch Astronomin

D'Caroline Lucretia Herschel, gebuer de 16. Mäerz 1750 zu Hannover a gestuerwen den 9. Januar 1848 och do, war eng däitsch Astronomin. Si war déi éischt Fra, déi an der Astronomie voll Unerkennung fonnt huet. Zesumme mat hirem Brudder Wilhelm Herschel huet si e puer Koméiten entdeckt.

Caroline Herschel
Gebuer 16. Mäerz 1750
Hannover
Gestuerwen 9. Januar 1848
Hannover
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Sänger
Member vun Royal Astronomical Society
Famill
Geschwëster Wilhelm Herschel

D'Caroline Herschel war dat eenzegt Meedche vu fënnef iiwerliewende Kanner vum Militärmuseker Isaak Herschel a senger Fra Anna Ilse. De Papp war bestrieft, senge Kanner eng musikalesch Grondausbildung ze ginn. Am Haus Herschel gouf awer net nëmme musizéiert, mä och philosophéiert an Astronomie bedriwwen.

Am Joer 1772 – mat 22 Joer – ass si hirem Brudder Friedrich Wilhelm Herschel, op Bath an England nogefuer. De Wilhelm huet si als Haushälterin gebraucht, huet si och weider ausbilde gelooss, an hir d'Méiglechkeet ginn, fir a senge Concerten als Solistin opzetrieden. Zimmlech séier gouf si éischt Sängerin an den Oratorien déi hire Brudder opgefouert huet an huet sou e gewëssene Ruff als Vokalistin erreecht. Si huet dunn och Leedungsfunktiounen am Chouer iwwerholl.

Si hätt bestëmmt eng grouss musikalesch Karriär viru sech gehat, wa si net der Passioun vun hirem Brudder, der Astronomie, nogefollegt wier. Ouni Zweiwel waren d'Herschele vun Hannover eng ongewéinlech Famill. Duebelbegabungen (Musek an Astronomie) waren anscheinend d'Reegel. De Brudder Alexander, och Museker, huet och als Astronom beim Wilhelm am Familljebetrib bei der Erfuerschung vum Himmel matgeschafft.

D'Caroline huet dem Brudder Wilhelm bei der Fabrikatioun vu Spigelteleskope gehollef. Hir Haaptaufgab bestoung doran, d'Spigelen ze poléieren an ze schläifen – eng Aarbecht, bei där et op eng absolut Genauegkeet ukënnt. Nieft der praktescher Aarbecht huet si sech och mat astronomeschen Theorië befaasst. Si huet d'Formelen a Berechnunge mat der Algeber geléiert a Reduktiounen als Grondlag fir d'Oberservatiounen an d'Duerchmustere vum Stärenhimmel.

E groussen Aschnëtt fir d'Caroline Herschel koum 1781, am Entdeckungsjoer vum Planéit Uranus, deen hire Brudder Wilhelm Herschel éischter zoufälleg bei enger Himmelsduerchmusterung fonnt huet. Wéinst där Entdeckung krut de Wilhelm eng Plaz als kinneklechen Astronom an der Stad Slough ugebueden, déi en och ugeholl huet.

D'Caroline krut um Haff eng Plaz als Mataarbechterin vun hirem Brudder. Mat engem Loun vu 50 Pond am Joer war dat, déi éischt Pai, déi jee eng Fra fir wëssenschaftlech Aarbecht kritt huet. Elo huet d'Caroline ugefaange mat engem klenge Newton-Teleskop Koméiten ze sichen. Dobäi huet si 1783 dräi bemierkenswert Niwwelen entdeckt an tëscht 1786 an 1797 8 Koméiten, dorënner de Koméit Encke. Am Joer 1797 huet si der Royal Society en Index iwwer dem John Flamsteed sengen Observatioune virgeluecht, zesumme mat engem Katalog vu 561 Stären déi am "British Catalogue" feelen, souwéi eng Lëscht vu Feeler an där Publikatioun.

Nuechtelaang war si mat hirem Brudder op Observatiounsposten, huet Stärepositiounen opgeschriwwen, déi de Wilhelm hir vun der anerer Säit vum risegen Teleskop zougeruff huet. Si huet Ofhandlunge fir d'Philosophical Transactions geschriwwen, 14 Niwwelen entdeckt, Honnerte vun hinne berechent an ugefaangen e Katalog fir Stärekéip an Niwwelen (haitege Sproochgebrauch: Deep Sky Objeten) ze maachen. Si huet en Ergänzungskatalog zum Flamsteed Atlas gemaach, dee 561 Stären ëmfaasst, souwéi e Gesamtregëster.

Fir déi Aarbecht krut si allerhéchst Unerkennung ë. a. vum Carl Friedrich Gauss a Johann Franz Encke. Trotzdeem ass si eng bescheide Fra bliwwen.

Am Joer 1822, nodeem hire Brudder gestuerwe war, huet näischt si méi an England zeréckgehalen, a si ass an hir Heemechtsstad Hannover zeréckgeplënnert, déi se bal fofzeg Joer virdru verlooss hat. Do ass si mat hiren astronomesche Studië virugefuer. Si huet Uerdnung an dat ëmfangräicht Material vun hirem Brudder bruecht an déi Observatiounen, déi se zesumme gemaach haten, no Zenitdistanz a Rektaszensioun zortéiert. Op déi Aart a Weis huet si et hirem Neveu John Herschel méiglech gemaach, fir d'Aarbechte vu sengem Papp systematesch fortzesetzen an op de südleche Stärenhimmel auszedeenen.

Si huet e ganze Koup vun Auszeechnunge kritt – 1828 ënner anerem d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, a si gouf am Joer 1835 Éieremember bei der Royal Astronomical Society. Si war déi éischt Fra, déi sou eng Zort Unerkennung kritt huet. Uleies dozou war hire sougenannten Zonekatalog, dee s'als Undenken un hire Brudder opgestallt huet. Am Katalog waren d'reduzéiert Observatioune vun all den Niwwelen a Stärekéip, déi de Wilhelm Herschel entdeckt hat, am Fong eng Aarbecht, déi bal net méi ze packe war. 1838 huet d'Kinneklech Iresch Akademie vun de Wëssenschaften zu Dublin déi 88 Joer al Caroline Herschel zu hirem Member gemaach. 1846 krut si am Alter vu 96 Joer am Optrag vum Kinnek vu Preisen déi gëlle Medail vun der Preisescher Akademie vun de Wëssenschaften.

Nach op hirem 97. Gebuertsdag huet si d'Krounprënzekoppel empfaangen, huet sech e puer Stonne mat hinnen ënnerhalen, an huet hinnen duerno e Lied, dat hire Brudder 70 Joer virdru komponéiert hat, virgesongen.

Kee vun deene vun hir entdeckte Koméite gouf no hir benannt, awer de Moundkrater C. Herschel am Sinus Iridum an den Asteroid (281) Lucretia droen hiren Numm.

D'Graf vun der Caroline Herschel ass um Gartenfriedhof an hirer Heemechtsstad Hannover.

Wierker änneren

  • Memoiren und Briefwechsel 1750-1848. Herausgegeben von Frau John Herschel, Berlin 1877
  • Caroline Herschel's autobiographies. Edited by Michael Hoskin. Cambridge: Science History Publications 2003. ISBN 0-905193-06-7

Literatur änneren

  • Günther Buttmann: Wilhelm Herschel: Leben und Werk. In Große Naturforscher, Band 24. Wissenschaftliche Verlagsgesellschaft, Stuttgart 1961
  • Renate Fey: Caroline Herschel (1750-1848). Aufbruch in die nicht gewollte Selbständigkeit. In: Sophie & Co. Bedeutende Frauen Hannovers. Biographische Portraits, herausgegeben von Hiltrud Schroeder, S. 44-56, Hannover 1990, ISBN 3-7716-1521-6
  • Michael Hoskin: Astronomy's Matriarch. In Sky & Telescope, Mai 2005
  • Eva Maaser: Die Astronomin. Roman, Rütten & Loening, Berlin 2004, ISBN 3-352-00707-1
  • Dr. Johann Heinrich Mädler: Geschichte der Himmelskunde. Westermann, Braunschweig 1873
  • Patrick Moore: Caroline Herschel: Reflected Glory. Ralph Allen, Bath 1988

Um Spaweck änneren

Commons: Caroline Herschel – Biller, Videoen oder Audiodateien